E Méindeg de Moien ass de Commerce Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Commerce kuckt liicht optimistesch op dat neit Joer. Dat sot den Tom Baumert, Direkter vun der Luxembourg Confederation, e Méindeg de Moien am Interview mat RTL. No de Pandemie-Jore wier et dëst Joer verhältnesméisseg gutt gelaf. Ënner anerem am Beräich "Evenementiel" wier et biergop gaangen, um Bau wier allerdéngs gestruewelt ginn.
Generell gesinn, sinn d'Margen awer net méi déi, déi se waren, sou de Vertrieder aus dem Handel. Mat Bléck op eng manner héich Inflatioun a méi stabel Energiepräisser gëtt et awer eng gewëss Zouversiicht fir 2025. 
 
D'Chrëschtgeschäft wier gutt gelaf, sou den Invité vun der Redaktioun Tom Baumert. Dëst géing plazeweis e Fënneftel vum Joresëmsaz ausmaachen. De "Black Friday" géing och ëmmer méi wichteg ginn. 
 
Déi geplangte Reform vun den Ëffnungszäiten am Commerce wier eng Verbesserung, ma et hätt ee kéinte méi wäit goen. Et sollt ee kënnen opmaachen, wann de Client do ass. De Vertrieder vum Commerce huet och betount, datt déi méi laang Ouvertureszäite keng Obligatioun wieren. Donieft géingen 80 Prozent vun de Gemengen aktuell schonn Derogatiounen, also Ausname fir eenzel Betriber, ufroen. Hien huet och bedauert, datt all Aarbechtszäit iwwert déi gesetzlech Horairen an Zukunft per Kollektivvertrag misste verhandelt ginn. E sektorielle Kollektivvertrag fir de ganze Commerce wier dem Tom Baumert no och schwiereg, well d’Geschäfter ganz divers wieren.

Invité vun der Redaktioun: Tom Baumert

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.