WiederkonditiounenBetrib um Findel zäitweis agestallt, op de Stroosse leie plazeweis nach Beem

RTL Lëtzebuerg
Den nationale Wiederdéngscht hat mat 2 bis 6 Zentimeter Schnéi am Norde vum Land gerechent, dat e Mëttwoch bis 20 Auer.

Och den Zäitraum gouf vu 16 Auer a Mëtternuecht op tëscht 15 an 20 Auer gesat fir den Norden, bis 18 Auer fir de Süden. Duerno goung de Schnéi a Reen iwwer.

E puer Zentimeter Schnéi waren duergaangen, fir d’Stroossen rëtscheg ze maachen, sou datt et problematesch am Beruffstrafic war. Besonnesch affektéiert de Bus-Trafic. Et huet geheescht,, Gedold hunn oder sech zu Fouss op de Wee ze maachen.

Plazeweis hunn d’Wiederkonditiounen och fir geféierlech Situatioune gesuergt. Esou sinn um Donneschdeg den Owend op der Streck tëscht Iechternach a Waasserbëlleg, méi genee tëscht Hénkel an der Buerer Millen zwee Beem an d’Strooss gefall, déi ee schlecht gesäit.

Betrib um Findel zäitweis agestallt

De Schnéi hat dann och en Impakt op de Betrib vum Fluchhafen um Findel. Wéi d’Luxair an engem Schreiwes matdeelt, war d’Start- a Landebunn vum Fluchhafe blockéiert, sou dass een de Fluchbetrib huet zäitweis missen astellen. Zwee Flich, een deen zu Porto gestart war an en aneren, dee vu Barcelona aus koum, hu missen tëschenduerch op aner Fluchhäfen deviéiert ginn, sinn awer no der Reouverture vun der Landebunn elo nees zu Lëtzebuerg. Ee Fluch, dee vun Nice koum an e weideren, deen zu Roum gestart war, goufen op Léck ëmgeleet. Ma hei huet de Fluchhafen de Betrib bis op Weideres agestallt. De Fluch, dee vun Agadir koum, ass iwwerdeems nach zu Léck gelant. D’Passagéier ginn elo mat engem Bus op Lëtzebuerg bruecht.

D’Flich a Richtung London, Wien, Madrid a Porto, déi hätten zu Lëtzebuerg starten, goufen iwwerdeems annuléiert.

Waasserwirtschaftsamt gëtt Alerte Orange fir Norden a Süde vum Land eraus

Iwwerdeems warnt d’Waasserwirtschaftsamt viru méiglechen Iwwerschwemmungen am Norden an am Süde vum Land a setzt dowéinst béid Regiounen an d’Vigilance Orange. Betraff sinn am Süde virun allem d’Uelzecht an d’Atert an am Norden d’Sauer, dat besonnesch bei Dikrech a Bollenduerf. Uganks hat d’Waasserwirtschaftsamt eng Vigilance Jaune fir d’Regioune erausginn, dës gouf am Laf vum Mëttwoch de Mëtteg op eng Vigilance Orange eropgesat. Dës gëllt vun e Mëttwoch 13 Auer bis e Freideg um 13 Auer.

D’Gemeng Ettelbréck deelt iwwerdeems mat, datt de Parking Däich vun e Mëttwoch 15 Auer un nees wäert zougemaach ginn. D’Leit sinn deemno gebieden, hiren Auto fort ze huelen, falls en do steet, an ob kee Fall iwwer Nuecht do ze parken.

Fir d’Musel gëtt et keng Warnung. Déi aktuell Entwécklunge kënnt Dir op inondations.lu suivéieren.

Hutt Dir och Andréck vum Schnéi gemaach? Schéckt Är Foto op foto@rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO