Ongewéinlechen AsazCGDIS rett Fra aus der Uelzecht

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdegmëtteg gouf de CGDIS op en ongewéinlechen Asaz geruff.

Éischten Informatiounen no soll eng Fra op der Héicht vum Gronn ouni Kleeder an d’Uelzecht geklomme sinn an du wier se bis an de Pafendall gedriwwe ginn.

De CGDIS konnt d’Fra op der Héicht vun der rouder Bréck aus dem Waasser zeien. D’Fra koum an d’Spidol. Och d’Police war op der Plaz.

Dann notéiert de CGDIS 2 Accidenter mat Blesséierten:

Op der Autobunn A13 si géint 16.30 Auer zwéi Ween kollidéiert, dat tëschent de Sortië Biereng a Keel. Zwou Persoune goufe verwonnt.

An der Avenue Kennedy um Kierchbierg ass kuerz no 16.30 Auer e Motocyclist gefall a gouf dobäi blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO