Premeditatioun wier net ginn, mee Parquet freet 18 Joer Prisong
Am Prozess wéinst Mord un enger Fra vun 63 Joer am Mee 2023 zu Bouneweg huet de Parquet 18 Joer feste Prisong fir 36 Joer ale Mann gefuerdert.
En huet dem Geriicht iwwerlooss ze decidéieren, wéi vill Sursis den Ugeklote soll kréien, mee huet allerdéngs e Suivi recommandéiert.
U sech waren de Parquet an d’Defense vum Ugekloten an der Analys eens: Et géing keng Premeditatioun bestoen. Kee virsätzleche Mord also. Den Ugekloten huet d’Fra, mat där hien eng Relatioun hat, mat engem Fönkabel erdrosselt an hir dunn e Messer an d’Häerz gestach. Wärend dem Prozess gouf awer scho kloer, datt d’Relatioun tëscht dem Täter an dem Affer toxesch war. Alkohol, Drogen, mee och Frechheeten an aner Ëmstänn hätten den Ugekloten zum impulsiven Akt beweegt. Him wier de Colis geplatzt.
Well d’Dokteren dann och festgestallt hunn, datt den Ugekloten intellektuell limitéiert ass an aus deem Grond eng verklengert Capacitéit hätt fir ze urteelen, kéint d’Geriicht dem Parquet no och déi Circonstance mat a Betruecht zéien. Grad wéinst där selwechter Circonstance awer, misst een d’Gefor vu Réckfällegkeet am Ae behalen an dowéinst huet de Parquet e Sursis “probatoire” recommandéiert. An anere Wierder, datt e “psycho-soziale” Suivi gemaach gëtt.
Och domadder war den Affekot vum Ugekloten den Daniel Baulisch averstanen. Fir hie si just déi 18 Joer Prisong, déi de Parquet verlaangt, ze héich. Hie freet manner, ouni sech wëlle präzis festzeleeën.
Eng Duechter vum Affer huet iwwerdeems e Schuedenersatz vun alles an allem 70.000 Euro verlaangt.
Den Täter huet als Leschten d’Wuert ergraff an huet der Riichterin just gesot: “Ech entschëllege mech fir dat, wat ech gemaach hunn”.
D’Urteel gëtt den 12. Februar gesprach.