CGDIS6 Blesséierter no 4 Accidenter e Freideg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
E Freideg koum et op e puer Plazen am Land zu Accidenter mat Blesséierten, esou de CGDIS a sengem Bulletin.

Um 11.45 Auer war et an der Grand-Rue zu Monnerech ee Verkéiersaccident mat engem Auto, bei deem eng Persoun blesséiert gouf.

Géint 12.17 Auer war et um Verluerekascht an der Rue Marie et Pierre Curie eng Kollisioun vun 2 Autoen. Hei gouf och eng Persoun verwonnt.

Um 15.03 Auer krute sech an der Areler Strooss zu Stroossen 2 Gefierer ze paken. Derbäi goufen et 3 Blesséierter.

Ëm déi nämmlecht Zäit tëscht Beidler a Weidig koum et zu engem Accident mat engem Auto. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO