Déi eng schwätze vu fundamentaler Gerechtegkeet a dovun datt Salariéen froen fir dierfen de Weekend ze schaffen. Anerer si komplett géint eng Liberaliséierung a wëllen d’Leit an den hellege Sonndeg schützen. Ma wéi gesäit et um Terrain aus? Wat soen déi, déi selwer vum Sonndes schaffe betraff sinn? A wëll d’Clientèle och wierklech Enn der Woch akafen? Mir waren am Shoppingcenter an d’Éislek de Bols fillen.
Sonndes Mëttes op der Wemperhardt. 7 Deeg op 7 hunn d’Geschäfter am Akafszenter do op an dat schonn zënter méi wéi 35 Joer. D’Regierung wëll jo via Gesetz déi erlaabte Sonndesaarbecht vu 4 op 8 Stonnen eropzesetzen. Bis dato huet een dat extra missen ufroen. Ma 80% vun de Gemenge hunn aktuell schonn Derogatioune fir Betriber accordéiert. A wann d’Butteker Sonndes op hätten, wat jo keng Méiglechkeet, mä keng Obligatioun wier, géif op ville Niveaue profitéiert ginn. Den Arsène Laplume, Generaldirekter Shopping Center Massen:
“De PIB, dee gëtt erstallt doduerch, datt mir hei Einname brénge fir eng produktiv lëtzebuergesch ze hannen. A wa mer kucken, déi Clientèle, déi sonndes hei ass, déi kënnt e bësse méi wäit an déi se gewinnt eebe sonndes een Ausfluch ze maachen an déi Léck, déi net hei ënnerkommen, déi maachen och sonndes een Ausfluch a wou muss geschafft ginn, wou se op ee Restaurant ginn oder eng Bootsfaart maachen oder ech weess net wat. Awer dofir ass dat wichteg. A ganz vill Clientë komme gären hei hënner de Weekend. Fir déi ass dat einfach een Dag, wou se zefridde sinn a wou se eppes erliewen.”
De Patron vum Shoppingzenter lueft d’Ministeren Delles a Mischo. D’Welt hätt sech ebe verännert. D’Leit déi fir säi Betrib schaffe géingen duerch de Kollektivvertrag net méi wéi all 2. Sonndeg schaffen.
An anere Secteure géif Sonndesaarbecht souwisou dozou gehéieren, dofir wier d’Polemik ronderëm d’Ouvertureszäiten am Handel net ëmmer nozevollzéien. Et géif jo och kee gezwonge gi Sonndes ze schaffen: “Déi Leit, déi hei schaffe mat deem Supplement, dee se Sonndes hunn, mat engem 90 % Supplement, déi si frou, fir schaffen ze kommen an déi schloen sech drëm, fir däerfe Sonndes ze schaffen.”
Effektiv huet sech virun der Kamera kee vun de Mataarbechter iwwert d’Schaffen um Weekend beschwéiert. An dat obwuel de Sonndeg an der Restauratioun zum Beispill net besser bezuelt gëtt. D’Bouchra El Bahy schafft zënter iwwer 20 Joer an der Restauratioun: “Mais nous avons aussi d’autres avantages, on a des recupes pendant la semaine, un week-end, comme ça on peut faire ces démarches administratives, etc, etc. C’est un choix de vie, parce que j ‘avais d’autres diplômes dans d’autres secteurs, mais j’ai choisi ce métier-là parce que j ‘aime bien.”
D’Natacha Nelles, schafft zënter 15 Joer am Commerce: “Je pense que la plupart des gens aiment aussi travailler le dimanche, parce qu ‘au point de vue du salaire, c ‘est différent aussi, il y a une petite compensation en plus, et au point de vue familial, on s ‘arrange toujours, et c ‘est une question d ‘habitude, je pense.”
D’Alice Gilleman, no jorelaanger Bürosaarbecht lo am Handel aktiv: “Ça ne me dérange absolument pas et dans l ‘équipe, tout le monde est en général motivé pour travailler le dimanche. On fait un roulement en fait chez nous, donc on travaille deux dimanches, voire trois par mois en fonction de l ‘effectif de l ‘équipe et on essaye de s ‘arranger pour que tout le monde y trouve son compte.”
D’Gewerkschaften an déi, déi géint eng Liberaliséierung vun der Sonndesaarbecht am Commerce wieren, kéime wuel nach aus dem leschte Joerhonnert, sot nach de Generaldirekter vum Shopping Center. Et misst ee sech un nei Gewunnechte vun der Gesellschaft upassen. An an Zäite vum Online-Handel, dee jo permanent aktiv wier, misst een och kënnen mathalen.
Wann d’Leit net kéinten akafe goen, géingen se online bestellen, wat Transport an Ëmweltbelaaschtung géing bedeiten, esou de Geschäftsmann.
Bei de Leit, déi um Sonndeg wärend den Opname vum Reportage an de Butteker op der Wemperhaart geschafft hu war de Feedback éischter positiv. D’Cliente ware frou kënnen akafen ze goen, haten awer och Matleed mat deenen déi hu misse schaffen:
“Je travaille déjà depuis dix ans ici pour la boutique et nous travaillons les dimanches, pas forcément tous les dimanches, mais une certaine quantité et c’est pas dérangeant pour la cause non plus.”
”...ça ne me dérange absolument pas, et dans l’équipe, tout le monde est en général motivé pour travailler le dimanche, la clientèle est autre par rapport à la semaine, il y a beaucoup généralement de conseils le dimanche, donc c’est chouette pour notre boulot.”
“Ich hab früher auch in der Hotellerie gearbeitet. Ich find das, ja, blöd, sonntags ze arbeiten, ist, ja, nicht toll, aber, ähm, ja, für die Ganzen, déi frei haben, ist es natierlech super hier, ne? Dass die aufhaben, ist toll, ja.”
“An sech ass et schonn eng gutt Saach, fir wann ee gären akafe geet, mee fir déi Leit, déi musse sonndes schaffen, ass et natierlech zimmlech blöd. Also ech fanne schonn, dass se sonndes do soll sinn, fir dass d’Leit hier Rou hunn.”
Mat engem Gesetzprojet, deen am Hierscht deposéiert gouf, wëll d’Regierung d’Sonndesaarbecht am Commerce vu 4 op 8 Stonne verlängeren. D’Gewerkschafte fuerderen awer, datt dat just mat engem Kollektivvertrag soll méiglech sinn.