95 Mataarbechter betraffMylar Specialty Films Luxembourg stoppt Produktioun hei am Land

RTL Lëtzebuerg
An engem Schreiwes vum Plastikfolien-Produzent heescht et, d'Demande wier net méi grouss genuch.
© MikeShots (Envato)

Mylar Specialty Films Luxembourg hält mat senger Produktioun zu Lëtzebuerg op a wäert e Sozialplang fir hir 95 Mataarbechter aushandelen. Dat huet de Plastikfolien-Produzent e Mëttwoch annoncéiert. D‘Nofro no de Folien, déi am Grand-Duché produzéiert ginn, wier net méi grouss genuch. Derbäi kéim eng Hausse bei de Käschten an doduerch systematesch finanziell Aboussen, esou d‘Explikatioun vum Betrib. Dësen engagéiert sech bis zur Fermeture vun der Lëtzebuerger Produktiounslinn Mëtt 2025, d‘Paie vun de concernéierte Mataarbechter weider pünktlech ze bezuelen.

Communiqué de presse - Mylar Specialty Films Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO