Diskussioun iwwert Liberaliséierung vun Ouvertureszäiten am CommerceDP-Wirtschaftsminister Delles an CSV-Fraktiounschef Spautz net op enger Linn

Marc Hoscheid
An net nëmmen tëscht Gewerkschaften a Regierung, mee och tëscht de Koalitiounspartner CSV an DP soll et nach Loft no uewe beim Dialog ginn.
© Fanny Kinsch

Esou goung an engem Artikel der leschter Editioun vun der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land dovunner Riets, datt et Meenungsverschiddenheeten tëscht dem Wirtschaftsminister Lex Delles an dem CSV-Fraktiounschef Marc Spautz wéinst der Liberaliséierung vun den Ouvertureszäite vum Commerce géing ginn. An der CSV-Fraktioun géinge sech eng Partie Deputéiert, dorënner och de Marc Spautz, u verschiddene Punkte stoussen an Ännerungen am Gesetzestext fuerderen. De Lex Delles mengt awer net, datt dat néideg wäert sinn:

“Deen Text hei ass mat der Fraktioun vun der CSV ofgeschwat ginn. All Text gëtt an der Chamberkommissioun diskutéiert natierlech, mee hei hu mer als zwou Parteien een Accord, net nëmme well et am Koalitiounsaccord steet, mee och, well am Virfeld als zwou Parteien iwwert den Text vun den Ëffnungszäite geschwat hunn.”

De Marc Spautz ass dovunner net grad esou iwwerzeegt:

“E perfekten Text hunn ech a menger politescher Karriär nach ni gesinn. Ganz oft huet ee bei Texter, déi gutt gemengt waren, gesinn, datt et bei der Ëmsetzung zu Schwieregkeete komm ass an een nach Adaptatiounen huet musse maachen.”

Ob dat och hei de Fall wäert sinn, kéint hien awer nach net definitiv soen, et krit een den Text jo réischt muer vum Lex Delles presentéiert. Hie géing souwisou ee bessere Wee wéi ee Gesetz gesinn, fir mam Thema ëmzegoen.

“Dat Allerbescht ass ëmmer, datt een dat dote kann um Verhandlungsdësch ausféieren. A wann ech mengen ee Verhandlungsdësch, mengen ech, datt een déi Reegelen do soll a Kollektivverträg änneren. Dat ass deen éischte Punkt. Dat si jo zwee Gesetzer, do geet et ëm d’Gesetz vun der Sonndesaarbecht an ëm d’Gesetz vun den Heures d’ouverture. Wat zwee verschidde Gesetzer sinn, déi awer eent an dat anert iwwerginn.”

Wat déi geplangte Sozialronn tëscht Regierung, Gewerkschaften a Patronat ugeet, ënnersträicht de Marc Spautz, datt dee ganze Sozialdialog deblockéiert misst ginn. Et misst also zum Beispill och iwwert d’Sécurité sociale an d’Familljepolitik geschwat ginn.

Back to Top
CIM LOGO