Vill ze di fir de CGDISAm Ganze fënnef Blesséierter, dovun zwee Foussgänger ugestouss

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsdéngschter vum 112 haten en Donneschdeg den Owend bis an d'Nuecht era vill mat Accidenter uechter d'Land ze dinn.
© RTL Archiv / Domingos Oliveira

Kuerz viru 17.40 Auer waren d’Pompjeeë vu Miersch an d’Ambulanciere vu Lëntgen op Miersch an d’Rue Grand-Duchesse Charlotte geruff ginn, nodeems hei e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert gouf.

Knapps eng Stonn méi spéit waren dann op der A6 a Richtung Arel op der Héicht vum Zéissenger Kräiz zwee Autoen anenee geknuppt. Och hei gouf et ee Blesséierten, dee vun de Rettungsekippen aus der Stad versuergt gouf.

E weidere Foussgänger gouf blesséiert, wéi dëse géint 18.45 Auer an der Lëtzebuerger Strooss zu Schieren ugestouss gouf. Um Asaz waren d’Ambulanciere vum Zenter Nordstad an d’Pompjeeë vu Colmer-Bierg.

Eng zéng Minutte méi spéit waren iwwerdeem zwee Autoen op der RN04 tëscht der Cloche d’Or a Leideleng kollidéiert, woubäi eng Persoun verwonnt gouf. Hei waren nees d’Rettungsekippen aus der Stad am Asaz, dat mat engem Samu-Noutdokter.

An der Nuecht op e Freideg kuerz virun 1 Auer ass dann nach e Chauffer mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Dat um CR158 tëscht der Kockelscheier a Réiser. D’Ambulancieren aus der Stad an d’Pompjeeë vu Réiser hu sech ëm déi blesséiert Persoun gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO