Dräi Leit mam Messer gepickt, zwee Basket-Profien am Verdacht

© RTL-Archiv
An der Nuecht op e Sonndeg koum et an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg zu engem Sträit, bei deem dräi Persoune blesséiert goufen.
Wéi d'Police e Sonndeg am Nomëtteg matdeelt, waren hir Beamte géit 4.45 Auer geruff ginn, nodeems an engem Café e Sträit tëscht e puer Persounen ausgebrach war. Éischten Informatiounen no wieren zwee Leit dobäi mat engem Messer ugegraff a blesséiert ginn. Eng drëtt Persoun, déi dertëscht goe wollt fir de Sträit ze deeskaléieren, gouf mam Messer un der Hand blesséiert. Déi zwee Verdächteg konnte sech an engem éischte Moment duerch d'Bascht maachen.
Déi Blesséiert goufen iwwerdeems op der Plaz vu Secouriste versuergt, ier si an d'Spidol koumen. Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet an d'Police konnt déi zwee Verdächteg doropshin e Sonndeg de Moien zu Chrëschtnech stellen.
Beim Tëschefall an der Avenue de la Faiencerie soll et sech bei deenen zwee Verdächtegen, déi e Sonndeg de Moie verhaft goufen, ëm zwee Basket-Profien aus der éischter Lëtzebuerger Divisioun handelen. RTL-Informatiounen no wieren dëst de Londell King vun Hiefenech an de Leon Ayers vun der Résidence Walfer. Den Ayers ass mat 31 Punkte Moyenne aktuell Topscorer aus der Liga.
Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee um Sonndeg Moie festgeholl. Den Untersuchungsriichter wäert sech um Méindeg mam Dossier befaassen. Et gëllt wéi ëmmer d‘Présomption d‘innocence.
Déifställ a Bedruch
E Samschdeg den Owend géint 17.50 Auer gouf der Police dann och nach een Déifstall an engem Kosmetikbuttek an der Avenue de la Gare an der Stad gemellt. Zwee Männer goufe vum Sécherheetspersonal erwëscht, wéi si sech mat Produiten aus dem Stëbs maache wollten. Si goufe gestallt, festgeholl a goufen dem Untersuchungsriichter presentéiert.
E Samschdeg de Moie géint 10.45 Auer gouf dann nach eng eeler Persoun un engem Bankomat an der Rue de la Libération zu Mamer iwwerfall. D'Affer krut d'Sue geklaut an den Täter huet sech duerch d'Bascht gemaach. Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet.
Ongeféier zu gläicher Zäit ass zu Stroossen dann nach eng Persoun gepëtzt ginn, déi mat warscheinlech gefälschter Carte d'Identité probéiert huet, zwee Telefonskontrakter ofzeschléissen. Op der Plaz hunn d'Beamte bei der verdächteger Persoun nach siwe weider Ausweisdokumenter fonnt, déi zwar déi nämmlecht Foto, mee ënnerschiddlech Informatiounen haten. Um Wee op de Policebüro huet de Verdächtege probéiert ze flüchten, ma konnt séier nees agefaange ginn. Op Uerder vum Parquet goung et du weider an d'CPU zu Suessem.