Fall Marc LiesEng Auszäit als Deputéierten: Wéi geet d'Chamber mat sou Absencen ëm?

RTL Lëtzebuerg
Den Hesper Buergermeeschter an Deputéierte Marc Lies hat e Méinden annoncéiert, hie géif sech eng Auszäit vun zwee Méint vu senge Mandater huelen.

An Fall vum Hesper Buergermeeschter ass et esou, dass hie President vun der Kommissioun “Affaires intérieures” ass. Do hätt de Marc Lies als President demissionéiert, deemno misst d’Kommissioun selwer en neien ernennen, erkläert de Laurent Scheeck, Generalsekretär vun der Chamber. De Marc Lies bleift awer Member vun der Kommissioun a kéint de Fall gesat nees President dovu ginn.

Als Deputéierte kéint een ouni gréisser Problemer eng Paus aleeën, et misst een dat da bei der Chamber schrëftlech motivéieren. Dat wier net esou streng reglementéiert, well et e Mandat ass, an et keen Aarbechtskontrakt gëtt.

An de Kommissioune kann ee sech ersetze loossen. An der Plenière kann en aneren Deputéierten iwwert eng Prokuratioun fir dee mat ofstëmmen, dee feelt. Just bei Votten, déi eng 2/3 Majoritéit erfuerderen, géif dat net goen an och net bei Nominatioune wéi z.B beim Ombudsman.

Eréischt wann en Deputéierten zwee Joer hannertenee bei méi wéi der Hallschent vun de Plenière feelt, géif e säi Mandat verléieren. Dat wier bis elo awer nach ni virkomm. Ausserdeem wéilt een d’Reglement upassen, esou de Laurent Scheeck, fir kënnen an Zukunft den Ënnerscheed ze maachen tëscht engem Deputéierten, dee säi Mandat net wouerhëlt an engem, dee wéinst Krankheet feelt.

Back to Top
CIM LOGO