ChamberCrypto-Aktiver, jo och "shitcoins", si lo reglementéiert

RTL Lëtzebuerg
Crypto-Aktiver, Net-Duebbel-Besteierung an ELTIF-Fongen: E Mëttwoch de Moie goung et an der Chamber ëm vill Sujeten, déi d'Finanzplaz interesséieren.
Crypto-Aktiver, Net-Duebbel-Besteierung an ELTIF-Fongen
E Mëttwoch de Moie goung et an der Chamber ëm vill Sujeten, déi d’Finanzplaz interesséieren.

Fänke mer mat de Crypto-Aktiver un: déi kruten elo e legale Kader fir d’Emissioun, d’Zouloossung an d’Leeschtung vu Servicer. Dat mat 58 Jo-Stëmmen a just 2 Enthalungen. De legale Kader besteet aus der Ëmsetzung respektiv Transpositioun vun enger ganzer Rei EU-Reglementer an Direktiven. De Finanzminister Gilles Roth huet vu “Flexibilitéit, Kontroll a Schutz” geschwat.

D’CSV-Deputéiert Diane Adehm huet vu weiderer Diversifikatioun fir d’Finanzplaz geschwat, mee och déi verstäerkt Kontroll duerch d’Iwwerwaachungskommissioun CSSF erwäänt, well dës eng Sanktiounslëscht och kréich. Den DP-Deputéierten André Bauler huet “d’strategesch Wichtegkeet” vun der séierer Ëmsetzung vun neiem Potential fir d’Finanzplaz ervirgestrach. D’ADR huet de legale Kader fir d’Crypto-Aktiver och guttgeheescht, well “wann d’ADR d’Finanzplaz kann ënnerstëtzen, da maache mir dat natierlech”, esou den Deputéierte Fred Keup.

LSAP “Jo” awer mat “mullmege” Bauchgefill

Hien huet awer och der LSAP Recht ginn, déi zwar och mat “jo” gestëmmt huet, mee - esou den Deputéierte Franz Fayot – mat engem “komeschen” oder “mullmege” Bauchgefill. Firwat? Ma well d’Crypto-Aktiver ënnert anerem “riskant” a “volatil” wieren an een net ëmmer wéisst wat dohannert stécht.

De Piraten-Deputéierten Marc Goergen huet gestëppelt an de Franz Fayot gefrot, ob hien de Leit dann och géing roden net a klassesch Aktien z’investéieren. Den LSAP-Deputéierten huet him geäntwert: “mir hunn Direktiven, déi Prospekter imposéieren (...) wou d’Investisseuren informéiert ginn wat eben de sous-jacent ass vun den Aktien a wat och de Business-Modell ass vun deene Betriber ass op deenen déi Aktien baséieren an dat ass eben de groussen Ënnerscheed”.

De Franz Fayot huet de Marc Goergen an engem liicht sarkasteschen Toun invitéiert der Chamber dann z’erklären, wat de sous-jacent vu Crypto-Wärunge wier. De Marc Goergen huet him net geäntwert.

“Shitcoins” oder “Memecoins”

Den anere Piraten-Deputéierte Sven Clement, deen ass net op déi Diskussioun agaangen. Mee hien huet sengersäits ewéi bal al déi aner Riedner begréisst, datt d’Crypto-Aktiver ebe grad “endlech” kloer Reegele kréichen a besonnesch kloer wier elo, wéi “d’Haftung verdeelt gëtt”. Hien huet an deem Zesummenhang op d’Fraudë vun FTX higewisen. Déi Milliarden déi do verluer gounge wier net op d’Technologie oder Spekulatioun zeréckzeféieren, mee eben op eng Fraude.

Donieft huet hie begréisst, datt mat den neie Reegelen “pump and dump” oder “rug pull” verbueden oder op d’mannst encadréiert wieren. Wat op den traditionelle Finanzmäert scho laang verbuede wier. Dat si Fäll, wou Entwéckler e Coin oder Token schafen, Aktiver asacken an de Projet fale loossen an d’Investisseuren mat Tokens ouni Wäert um Plang loossen. Hien huet d’Beispill vum Donald Trump sengem “kommt mir nennen en net Shitcoin, mee Memecoin” genannt.

De Finanzminister huet och ewéi de Franz Fayot ënnerstrach, ewéi wichteg d’Educatioun an der Finanz wier an huet an deem Sënn d’Efforte vun der CSSF zanter Jore begréisst. D’Iwwerwaachungskommissioun wier och schonn zanter méi ewéi 10 Joer Virreider an der Expertise iwwert d’Crypto-Aktiver, esou de Gilles Roth, deen d’gréng Deputéiert Sam Tanson wollt esou rassuréieren, datt d’CSSF genuch Moyenen huet.

Déi zwee Deputéiert vun déi Lénk, déi hunn an der Debatt iwwert d’Crypto-Aktiver näischt gesot, mee hu sech beim Vott enthal.

Lëtzebuerg rockt mat den ELTIF-Funds

De Finanzminister huet sech Mëttwoch de Moien dann awer och gefreet, eng gutt Nouvelle vun der Fongeplaz matzedeelen: D’Zuele vum Januar weisen, datt sech ronn 60 sougenannt nei ELTIF-Funds an der EU implantéiert hunn, 40 dovunner hei zu Lëtzebuerg.* Déi ELTIF-Funds sinn europäesch Fongen, déi laangfristeg an Infrastrukturprojeten investéieren.

*An enger éischter Versioun vum Artikel hate mir geschriwwen, datt “an den éischten 20 Deeg vum Joer sech 60 sougenannt ELTIF-Funds an der EU implantéiert hätten, 40 dovunner hei zu Lëtzebuerg.

90 Net-Duebbel-Besteierungsakkorden

D’Deputéiert hunn dann och e weideren Net-Duebbel-Besteierungsakkord gutt geheescht an zwar deen tëscht dem Grand-Duché an der Republik Moldawien. Déi Akkorde si ganz nëtzlech fir d’internationaalt Geschäft vun der Banken-, Fongen- an Aussurancëplaz Lëtzebuerg hätt där Akkorden elo mat 90 Staaten, esou de Finanzminister.

Véier weiderer wieren an der Maach: mat Kolumbien, Oman, Kenya, mee och Australien. Hei huet de Gilles Roth drop higewisen, datt schonn zanter 2010 dru geschafft géing ginn an een elo endlech misst op e gréngen Zweig kommen. Ëmmerhin wier Australien e grousst Land.

Back to Top
CIM LOGO