
D‘Gesondheet vum Salarié misst déi héchste Prioritéit hunn. An déi Gesondheet wäert an den nächste Joren ëmmer méi vun de Konsequenze vum Klimawandel beaflosst ginn. Duerch d‘Bänk war ee sech eens, datt de Kader fir de Schutz vun de Salariéeë misst ugepasst ginn.
Fir dorobber opmierksam ze maachen, haten déi Lénk dee Sujet an der Chamber op den Ordre du Jour setze gelooss. Manager a Gestionnairë vu Betriber géifen d‘Auswierkunge vum Klimawandel dacks ënnerschätzen, esou den David Wagner vun déi Lénk, a berifft sech op eng Etüd vum Wirtschaftsministère zesumme mam Liser.
“An dat huet jo och ganz konkreet Ursaachen, well déi, déi uewen an der Hierarchie sinn, si meeschtens déi lescht, déi déi negativ Konsequenze vum Klimawandel ze spiere kréien. Wier dat net de Fall, dann hätte se och scho längstens gehandelt.”
Zu de Fuerderunge vun déi Lénk gehéiert iwwerdeems, datt de Schutz vun de Salariée soll mussen a Kollektivverträg gereegelt ginn an datt d‘Mataarbechter onbedéngt sollen e Matsproocherecht dobäi hunn, wéi am Betrib domat ëmgaange gëtt.
Eng vun den Haaptkonsequenze vum Klimawandel, déi genannt gouf, war d‘Hausse vun den Temperaturen. Wann dës esou weider geet wéi bis ewell, da musse mir eis an den nächste Joerzéngten op ëmmer méi heefeg an extreem Hëtztwellen astellen. Derbäi kommen negativ Auswierkungen ënnert anerem op d‘Loftqualitéit. Dorënner géife virop Beruffsgruppe leiden, déi dobausse schaffen, wéi de Georges Engel vun der LSAP betount huet.
“Et muss ee sech froen, a wéi fern, datt et gesondheetlech a moralesch och zoumuttbar bleift, fir Leit a grousser Hëtzt schaffen ze loossen. Am Bausecteur ginn d’Aarbechtskonditioune méi geféierlech duerch länger Hëtztwellen, erhéicht Iwwerschwemmungsrisikoen an extreem Wiederkonditiounen. Duerch de Klimawandel geréit d’Gesondheet vun de Salariéen a Gefor, zum Beispill bei extreemer Hëtzt klëmmt de Risiko - et ass scho gesot ginn - vu Konzentratiounsschwieregkeeten, wat alt nees zu méi Aarbechtsaccidenter féiere kann. Fäll vun Aarbechtsverloscht, Accidenter a Kuerzaarbecht wäerten zouhuelen.”
Dowéinst musse quasi alleguer d‘Betriber sech ëmstellen, esou den Aarbechtsminister Georges Mischo:
“Dës Changementer innerhalb vun de Betriber hunn och en Impakt op d’Sécherheet an d’Gesondheet vun de Mataarbechter. D’Autoritéiten, déi fir d’Sécherheet an d’Gesondheet op der Aarbecht zoustänneg sinn, musse proaktiv virun allem duerch d’Preventioun, an dat mécht d’ITM, et ass jo och déi eng oder anere Kéier elo erwäänt ginn, schonn dës Ännerunge sollen natierlech och vun der ITM a vun deenen zoustännege Kommissiounen, Autoritéiten och begleet ginn.”
D‘ITM hätt deemno eng ganz wichteg Roll ze spillen. An déi Roll wäert an Zukunft nach méi wichteg ginn, fir dofir ze suergen, datt Aarbechtsplazen adequat ugepasst ginn a genuch op Preventioun a Formatioun gesat gëtt, do war sech de Gros vun den Deputéiert eens.