
Kuerz no 18 Auer waren de Samu-Noutdokter vun Ettelbréck an d’Rettungsekippe vun Ëlwen a Clierf an d’Pommerlach geruff ginn, nodeems hei an der Baaschtnecherstrooss zwou Persounen ugestouss a blesséiert goufen.
Op der A13 a Richtung Péiteng goufen et zwee weider Blesséierter géint 19.40 Auer blesséiert, wéi en Auto sech iwwerschloen huet. Um Asaz waren d’Ambulancieren aus der Stad a vun Diddeleng, grad ewéi d’Pompjeeë vu Munneref an Uespelt.
Eng Stonn méi spéit waren d’Ekippe vum CGDIS iwwerdeem op d’RN16 tëscht Réimech an der Ellenger Gare geruff ginn. Hei hat en Auto e Wëllt Schwäin iwwerrannt. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt.