
Wéi RTL op Nofro hi bei der Police gewuer ginn ass, louch de blesséierte Mann op de Schinne vum Tram.
Weider Detailer konnt d’Police e Sonndegowend net nennen. D’Enquête vun der Police leeft.
Wéi de l’essentiel an d’Wort e Sonndeg den Owend gemellt hunn, soll et sech beim Virfall ëm eng Messerpickerei handelen.
Den Tramstrafic war wärend dem Policeasaz blockéiert.