No Accident zu HuldangFoussgängerin stierft am Spidol u schwéiere Blessuren

RTL Lëtzebuerg
Géint 18.10 Auer e Samschdegowend krut d'Police en Accident an der Strooss Op d'Schmett zu Huldang gemellt.

Eng Persoun wier hei vun engem Auto ugestouss ginn. Eng Patrull vun der Police ass op d’Plaz gefuer. Hei hu si zwou blesséiert Foussgängerinnen ugetraff, vun deenen eng schwéier Blessuren opgewisen huet. Allebéid goufen op der Plaz medezinesch versuergt an duerno an d’Spidol transportéiert.

Déi schwéierblesséiert Fra ass e Sonndeg am Spidol un hire Blessure gestuerwen. De Parquet huet eng Autopsie ordonéiert, fir déi genee Doudesursaach erauszefannen.

Back to Top
CIM LOGO