Parquet fuerdert Prisongsstrof vu 15 Méint Fitnesstrainer begrapscht Fra: “Jetzt kommt der angenehme Teil”

Diana Hoffmann
Enn Januar 2020 huet e Fitnesstrainer eng Fra wärend enger therapeutesche Behandlung um Intimberäich an un der Broscht ugepaakt.
© Claudia Kollwelter / RTL

Viru 5 Joer wousst eng 28 Joer al Fra keen aneren Auswee. Wéinst Hëft a Réckeproblemer konnt si hire Beruff als Stewardess net méi ausüben. Hiere Kiné wousst hir net méi ze hëllefen an huet se an e Fitnessstudio fir eng alternativ Behandlung geschéckt.

Enn Januar op hirem éischte Rendez-vous vun der Behandlung gouf si awer net esou traitéiert, wéi si sech dat erwaart huet. Wärend der Massage hätt den deemools 25 Joer ale Fitnesstrainer, wou si um Réck louch, hir Leggings an hir Ënnerwäsch bis ënnert den Hënner erofgezunn. Zu engem spéideren Ament hätt hie sech Crème op d’Hänn gemaach, a gesot “Jetzt kommt der angenehme Teil”.

Wärend der Massage hätt hien d’Fra, déi kee T-Shirt unhat, un der Broscht an am Intimberäich ugepaakt. “Et war meng lescht Chance, fir rëm kënne schaffen ze goen, dofir hunn ech wuel näischt gesot”, huet d’Fra virun de Riichter ausgesot. Aus Schimmt an aus Angscht hätt si da wuel och näischt gemaach. Dobäi war et scho spéit a si war eleng mam Mann am Studio.

Schliisslech hat si weder en Handy, nach hir Autosschlëssel bei sech, déi am Vestiaire waren. De Mann hätt dann och nach gefrot, ob si wéilt aktiv ginn. Ma si hätt ee Bee gehuewen, fir hien ze stéieren. D’Fro hätt si deen Ament net verstanen a geäntwert, si wéilt elo goen, wat si dunn och gemaach huet.

Fitnesstrainer sot, et wier näischt passéiert

Aus Vue vum Fitnesstrainer gesäit d’Geschicht anescht aus. Et wier näischt passéiert, sot hien direkt e puer Mol. Hie gesäit weder bei sech nach bei senger fréierer Patientin e Feeler. Doriwwer eraus freet hie sech, ob hie méiglecherweis kéint bei senger Massage un den Adduktoren e Stimulus ausgeléist hunn, deen d’Fra gleewe gedoe hätt, dass hie si am Intimberäich géing masséieren.

Den Ugekloten ass e Luussert”, sot den Affekot vun der Fra. Hie géing sech hei als “Mister Propper” verkafen a géing och e bëssi sou ausgesinn. Den haut 31 Joer alen Ugekloten ass grouss an duerchtrainéiert, seng Hoer huet hie raséiert. Hien géing hei alles selon les règles de l’art beschreiwen, wat soll geschitt sinn. Mä e géing d’Quadratur des Kreises erklären, sou den Affekot, mat enger Referenz un d’Iddi, dass den Trainer soll e Stimulus ausgeléist hunn. “De Fitnessstudio ass säin Terrain de chasse. Dat ass kloer”, sou den Affekot. Den Trainer war nämlech och scho mat zwou Fraen zesummen, déi hien am Studio kennegeléiert hat.

Temoignage vun der Fra als glafwierdeg klasséiert

Et stéing hei Ausso géint Ausso, sot dann den Affekot vum Ugekloten. Dass ee seng Partner op der Aarbecht kenne kéint léieren, wier jo näischt Aussergewéinleches. Ma d’Situatioun wier senger Meenung no liicht ze léise gewiescht: “Et ass kee Kand vun 3 Joer, dat an de Studio gaangen ass. Et ass eng erwuesse Fra”, sou den Affekot. Si hätt kënnen hire Schlëssel vum Auto siche goen a fueren.

Den Temoignage vun der Fra, dee si awer bei der Police an direkt no hirem Besuch am Fitnessstudio bei enger Frëndin gemaach huet, gëtt als glafwierdeg ageschat. Si hätt kee Motiv gehat, deem Beschëllegten ze schueden. A weder hätt si e finanzielle Virdeel dovu gehat, nach sech selwer an de Mëttelpunkt wëlle stellen. Dat gouf vum Expert festgehalen. Dass d’Reaktioun dono eng gewiescht wier, wéi ee sech se ka virstellen, dat mengt och d’Vertriederin vum Parquet. “Do war näischt aneschters ze maachen, ganz kloer”, sot si.

De Parquet fuerdert 15 Méint Prisong. Well dem Ugeklote säi Casier eidel ass, géing si d’Méiglechkeet vun engem Sursis probatoire consideréieren. De Mann misst dann eng Therapie maachen. D’Partie civile fuerdert 1 Euro.

D’Urteel gëtt de 27. Februar gesprach. Bis dohi gëllt d’Presomption d’innocence.

Back to Top
CIM LOGO