Bilan vun der Campagne "Gutt Gesinn" 2025D'Police huet bannent enger Woch 476 Avertissements taxés geschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Vum 20. bis de 26. Januar huet d'Police am Kader vun der Campagne "Gutt Gesinn" am ganze Land Verkéierskontrolle gemaach.
© Police

Wéi am Virfeld annoncéiert war, louch de Fokus vun de Kontrollen op der Siichtbarkeet vun de Gefierer, der Fro, ob d’Chauffere selwer genuch gesinn an dem Zoustand vum Nummereschëld an de Pabeieren.

Am Ganze goufe wärend der Campagne 476 Avertissements taxés geschriwwen. 85 dovun, well eppes mat de Luuchte vum concernéierte Gefier net an der Rei war, néng, well de Chauffer net genuch gesinn huet an 134, well d’Plackennummer net gutt liesbar war. Déi 248 Avertissementer gouf et, well d’Pabeiere vun de Gefierer net an der Rei waren. Ënner anerem konnte 37 Chauffere kee valabele Fürerschäi virweisen an a 35 Fäll hate si keng valabel Pabeiere vun der Versécherung dobäi. An 102 Fäll war da kee valabele Contrôle technique um Gefier a 60 Mol waren d’Steieren net bezuelt.

Back to Top
CIM LOGO