Vu Mäerzeg a Richtung FeelenAutomobilist verléiert a Rietskéier d'Kontroll a rennt an e Bam

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend géint 19.45 Auer koum et op der N21 zu engem Accident. D'Streck tëscht Mäerzeg a Feelen huet misse gespaart ginn.
© RTL Archivbild

Hei hat en Automobilist an enger Rietskéier d’Kontroll iwwer säi Won verluer an e Bam ze pake kritt. Wéi d’Polizisten op d’Plaz koumen, stoung de Chauffer awer nieft sengem Gefier. D’Streck huet misste fir d’Opraumaarbechte gespaart ginn a konnt géint 20.30 Auer nees opgemaach ginn.

D’Secouristen aus der Nordstad, vu Mäerzeg an de Stater Samu waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO