
Op engem Video an de soziale Medie vum Lycée Nic Biever weist d’Diddelenger Schoul hiert Personal emol anescht ugedoen: Am Jogging, bauchfräi, dekolletéiert oder mat enger Kap um Kapp - d’Proffen hunn hire Schüler gewisen, wat hinnen all Dag virun Ae gefouert gëtt.
Ma firwat déi ganz Aktioun?
Den “Dress like a Student Day” gouf vum BTS Digital Content vum LNB am Kader vun enger Sensibiliséierungscampagne an d’Liewe geruff. Wéi si op hirem Site schreiwen, hunn d’Kleeder, déi d’Schüler fir an d’Schoul undoen, an de leschte Joren immens variéiert. Fréier wieren d’Schüler nach méi “klassesch a méi uniform” ugedoe gewiescht, haut wieren d’Schüler awer éischter méi individuell ugedoen, dat dacks am Jogging, mat Kap a Sneaker. Ma de Studente vum zweete Joer BTS huet sech an deem Kontext d’Fro gestallt, ob dëst ëmmer nach eng adequat Tenue fir d’Schoul wier?
Och wann d’Meenungen hei dacks ganz wäit ausernee leie géingen, wollten d’BTS-Studenten dorop opmierksam maachen, datt verschidde Kleeder dacks och hygienesch Froen opwerfen. Grad den Jogging hätte vill Schüler de ganzen Dag un - dacks och dee selwechte beim Sport oder beim Schlofen doheem.
Fir de Schüler bewosst ze maachen, wéi si mat hire Kleeder op aner Leit wierken, huet d’Klass d’Sensibiliséierungscampagne “Däin Outfit schwätzt fir dech” an d’Liewe geruff. D’Campagne gouf am Kader vun engem Cours vum BTS organiséiert, fir datt d’Studente léieren, wéi een eng Sensibiliséierungscampagne och an de soziale Medie verbreede kann. Esou hunn d’Studenten nieft der “Dress like a Student Day"-Aktioun och Videoen zum Thema gedréint, déi si op de Kanäl vum BTS a vum Lycée publizéiert hunn. Donieft hu si eng 20 interaktiv Atelieren organiséiert, bei deenen d’Schüler vum Cycle inférieur a vum Cycle supérieur matmaache konnten.
Wéi hunn d’Schüler an d’Personal reagéiert?
Um Video, deen de Lycée e Freideg gepost huet, héiert ee kloer eraus, datt de Proffen an der Direktioun d’Aktioun net just Spaass gemaach huet, mä si et och sënnvoll fonnt hunn, de Schüler ze weisen, datt d’Kleeder eng ganz aner Impressioun kënne ginn.
“Et ass de Message, deen hannendru steet a wa mir do e bëssen Diskussioune kréien, sensibiliséieren, an datt d’Leit sech do Gedanke maachen, datt se vläicht net ëmmer adequat ugedoe si fir dee Moment, wou se grad sinn. An dass eng Schoul keng Plage ass”, esou den Direkter vum LNB, den Yves Schmartz.
D’Schüler dogéint hate gemëscht Gefiller. Déi eng waren éischter e bëssen iwwerrascht an hunn den neie Kleedungsstil vun hire Proffen éischter “komesch” an “onangeneem” fonnt, anerer waren dem Sousdirekter vun der Aliance LNB dem Romain Fogen no “begeeschtert": “Déi hunn dat richteg gutt fonnt, datt mir och mol eng Kéier anescht an d’Schoul kommen an dat géing ganz anescht eriwwer kommen”. Verschidde Schüler hunn d’Campagne souguer ënnerstëtzt a fannen, datt Kleeder wéi zum Beispill den Jogging net an de Lycée “passen”.
Ëmmer nees kënnt d’Fro vun enger Kleederuerdnung an de Schoulen zu Lëtzebuerg op. Wat haalt Dir vu méi strenge Reegelen oder eventuell souguer enger Schouluniform? A wéi sollte Proffe sech undoen?