
Wéi et vum Proprietär vum Haff heescht, hätt e Camion, deen eng Liwwerung Fudder fir d'Béischten op den Haff bruecht huet, Feier gefaangen. Dëst hätt duerno op en Hangar iwwergegraff, an deem Heebotte leien.
Wéi et am Bulletin vum CGDIS heescht, si 65 Pompjeeën op der Plaz, fir d'Feier ënner Kontroll ze kréien.
Wéi dann um Méindegowend vun der Gemeng Gréiwemaacher heescht, wier d'Waasser an der Manternacher Strooss an an der Mënscheckerstrooss zu Gréiwemaacher wéinst dem Feier um Groesteen net propper a soll net gedronk ginn.