Mordprozess um Stater GeriichtMann soll säin 71 Joer ale Papp erwiergt hunn

Anne Wolff
Ugeklot ass e 35 Joer ale Mann, deen op Stiefesdag 2022 zu Esch säi Papp vun 71 Joer soll erwiergt hunn.
Mann soll säin 71 Joer ale Papp erwiergt hunn
Ugeklot ass e 35 Joer ale Mann, deen op Stiefesdag 2022 zu Esch säi Papp vun 71 Joer soll erwiergt hunn.

Dass hie fir den Doud vu sengem Papp responsabel ass, huet den Ugekloten um Dënschden de Moie schonn zouginn, wéi hien no senge Personalien a sengem Liewenslaf gefrot ginn ass. Et géif him Leed doen an hien hätt säi Papp net wëllen ëmbréngen. Hien hätt säi Papp am Sträit an de “Schwitzkasten” geholl, fir dass e sech berouegt.

Geriichtsmedezin: Doudesursaach “Erwiergen”

D’rechtsmedezinesch Expertis huet als Doudesursaach en Erwierge festgehalen. D’Geriichtsmedezinnerin huet beschriwwen, dass et e gréissere Bluttstau am Kapp ginn hätt, grad wéi Abluddungen am Gesiicht, hannert den Oueren an an der Muskulatur vum Hals. D’Zongebeen an d’Kehlkapp-Skelett wiere gebrach gewiescht. Fir dass ee Mënsch beim Erwierge stierft, hätt de Mann zwou bis dräi Minutte misse mam Ënneraarm den Hals vum Affer zoudrécken. D’Affer hätt allerdéngs Problemer mam Häerz a mat de Longe gehat, wat d’Zäit hätt kënne reduzéieren.

Ugeklote souz scho méi dacks am Prisong

D’Riichterin huet dem Mann seng Biographie virgehalen, dee mat 17 Joer fir d’éischt op Dräibuer koum a bis zu der Dot cumuléiert eng 10 Joer am Prisong verbruecht hat. Den Ugekloten huet betount, hie wier no sengem leschten Openthalt am Prisong um richtege Wee gewiescht.

Dat gouf iwwert d’Aussoe vun de psychiatreschen a psychologeschen Experten deels widderluecht. De Mann ass schonn a senger Kandheet a Jugend wéinst Problemer mam Comportement opgefall, hätt als Jugendleche reegelméisseg d’Schoul geschwänzt, Alkohol gedronk an eemol wier e mat engem Loftgewier an d’Schoul gaangen.
Doropshi wier den Ugekloten zu Dräibuer gelant, hätt do zwou Ausbildungen ugefaangen, ma keng ofgeschloss.

An där Zäit wier den deemools Jugendleche fir d’éischt a Kontakt mat Cannabis komm. Alkohol hätt hie scho virdru consomméiert. Nodeems den Ugekloten aus Dräibuer eraus war, ass hie wéinst Kläppereien, enger Attack op e Mann a Fueren ouni Führerschäin op Schraasseg komm. Do wier hien a Kontakt mat Kokain an Heroin komm. De Moment vun der Dot hätt de Mann Methadon als Ersatztherapie consomméiert.

Schwiereg Relatioun tëscht Papp a Bouf

De Psychiater ënnersträicht, dass den Ugekloten zwar eng dissozial Perséinlechkeet hätt an impulsiv wier, ma dat géif weder säin Discernement nach d’Kontroll iwwert sech selwer beaflossen. Allerdéngs hätt et eng méi schwiereg Relatioun mam Papp ginn: Den Ugekloten hätt dem Expert géigeniwwer betount, dass hien den Doud vu senger Mamm am Summer 2022 schlecht verschafft hätt.

Zu der Mamm hätt en en enkt Verhältnis gehat, ma de Papp wier méi kritesch gewiescht. De Psycholog schwätzt an deem Kontext vun enger “ödipaler Situatioun"- enger Phas, déi der klassescher Psycho-Analys no all d’Kanner an der Relatioun zu hirem Papp géifen duerchmaachen, an där si de Papp als Feindbild wouerhuelen, iwwerdeems se d’Mamm idealiséiere géingen.

Police: War d’Dot am Virfeld geplangt?

D’Enquêteuren hu viru Geriicht beschriwwen, dass si de 26. Dezember 2022 - den Dag no der Dot - vum SAMU an d’Wunneng vum Verstuerwenen zu Esch geruff gi wieren. Dee Moment wieren de Jong a seng Frëndin op der Plaz gewiescht, an de spéideren Ugekloten hätt gekrasch, ma de Beamte wier d’Situatioun komesch virkomm. Si hätten un e fungéierten Abroch geduecht, well deelweis Duercherneen an der Wunneng war, ma de Portmonnie vum Affer hätt nach bei em geleeën.

Méi spéit goufen den Ugekloten a seng Frëndin dunn op Ecoute gesat, an och hir SMSe goufen ënnersicht. E Beamte vun der Police Judiciaire betount, dobäi wiere si op SMSen aus dem November 2022, also ee Mount virun der Dot gestouss. Do géif de Mann mat senger Frëndin driwwer diskutéieren, dass een eng Léisung fir de Papp misst fannen. “Et ass dat eenzegt wat ech ka maachen”, hätt de Mann der Fra geschriwwen, ouni dass “Et” präziséiert gouf.

Hien hätt sech am Internet och iwwert penal Strofen informéiert. Seng Frëndin hätt am Januar gegoogelt, wéi d’Police géif Morden opklären. Den Ugeklote gouf schliisslech am Mäerz 2023 an engem Hotel um Belval festgeholl.
Virum Untersuchungsriichter hätt hien dann d’Dot zouginn, als Ursaach nennt hien eng negativ Bemierkung, déi d’Affer iwwert seng Mamm gemaach hätt. “U sech wollt ech e just calméieren”, wier d’Ausso vum haut 35 Joer ale Mann gewiescht.

An der Enquête wieren et och Aussoe ginn, dass de Mann als Kand vu sengem Papp méiglecherweis sexuell mëssbraucht gi wier. Ma dorop kéint nëmmen den Ugeklote selwer äntweren.

Defense: Dot war net geplangt

D’Defense vum Ugekloten, de Me Christian Biewer, huet nom éischte Prozessdag betount, d’Dot wier net geplangt gewiescht, mee d’Resultat vun engem Sträit. Formell wier säi Client och, dass de Prozess vum Erwierge keng zwou bis dräi Minutte gedauert hätt. Elo misst een ofwaarden, wat de Parquet als Strof géing fuerderen.

Back to Top
CIM LOGO