Verdächteg Persoune sollen direkt dem 113 gemellt ginn.
Insgesamt dräi Täter hate Policeinformatiounen no kuerz virun 3 Auer an der Nuecht versicht, e Bankomat um Parking vun engem Supermarché ze sprengen, goufen dunn allerdéngs vun der Police iwwerrascht a si geflücht. Ee vun hinne gouf dobäi vun engem Auto ugestouss a blesséiert a koum an e Spidol. Déi zwee aner Verdächteg si weiderhin op der Flucht. Wéi et weider heescht, gouf beim Bankomat e verdächtege Pak fonnt an nach op der Plaz vun der Police neutraliséiert.
De blesséierte Verdächtege wäert am Laf vum Dag virun den Untersuchungsriichter kommen. En Auto, dee fir d'Dot an den Asaz koum, ass iwwerdeems vun der Police saiséiert ginn. D'Gefier gouf deemno virun e puer Deeg an der Belsch geklaut.
D'Haaptstrooss zu Keel war wéinst dem Policeasaz temporär gespaart ass entretemps awer nees op. Och e Policehelikopter war am Asaz.