2014 huet Russland d’Kirm annexéiert. Zanter dräi Joer ass Russland mat der Ukrain am Krich. Russland wier eng reell Gefor fir eis alleguerten, esou d’DP-Politikerin. Och international Experte warnen:
“D’Gefor, dass Russland méi wäit geet wéi d’Ukrain, déi ass reell an dorop muss ee sech preparéieren.”

Wann een elo Russland de Message géif ginn, dass et kee Problem ass, einfach an en anert Land ze goen, kéint dës Gefor bestoen. Et dierft een et net esouwäit komme loossen, de kollektiven Defense-Effort wier elo gefrot.
A ganz Europa ginn d’Stëmme méi haart, dass d’Länner méi an hir Defense sollen investéieren. Zwee Prozent ass den Ament d’Engagement vu Lëtzebuerg vis-a-vis vun der NATO.
Bis 2030 well Lëtzebuerg d’Zil vun den zwee Prozent erreechen. Dat misst een hikréien, esou d’Yuriko Backes.
“Ech menge mir missen eis ganz gutt iwwerleeën, a wéi enger Form mer dat kënnen antizipéieren. Ech soen elo als Mobilitéits - a Bauteministesch géif ech Iech och léiwer soen, komm mer investéieren an eis Stroossen, an eisen Tram, a Gebaier, a Logement. Alles dat misse mer och maachen. Mee d’ Defense an eis eegen Defense ze investéieren an déi kollektiv Defense ze investéieren, mir kommen net dolaanscht an där Situatioun, wou mer haut sinn.”

D’Trajectoire, wéi een op déi zwee Prozent kënnt a wéini, doriwwer misst een elo nach emol schwätzen.
D’Verdeedegung an déi national Resilienz si fir d’Yuriko Backes net nëmmen eng Saach vum Verdeedegungsministère, hei wier déi ganz Regierung gefrot. Aktuell wier net de Moment, fir wéinst der Verdeedegung op anere Plazen am Budget ze spueren.
Fir als Europäesch Unioun gemeinsam Scholden opzehuelen an an d’Defense ze investéieren, brauch een Unanimitéit. Fir d’Politikerin wier dat trotz der aktueller Situatioun den Ament net ëmsetzbar. Et wier awer un der Zäit, och doriwwer ze diskutéieren. Och d’Europäesch Investitiounsbank huet hier Dual-Use-Strategie* iwwerschafft.

Dësen Donneschdeg treffe sech d’Europäesch Regierungscheffen op engem Spezial-Sommet zu Bréissel. Et wier och do schwiereg ze soen, wat konkret erauskënnt. Ee wichtege Message wier, dass Europa weider hannert der Ukrain steet:
“All Invest an d’ukrainesch Defense ass och en Invest an eis eege Sécherheet an eis eegen Defense. An ech mengen, wat um Sommet wäert diskutéiert ginn, dat gesi mer. Mee deen Zesummenhalt vun den Europäer, dee mer awer elo schonn iwwert déi lescht Deeg gesinn hunn, deen ass ganz, ganz reell.”
*Mat Dual-Use ass gemengt, dass a Projeten investéiert gëtt, déi der Gesellschaft zegutt kommen, déi awer och fir militäresch Zwecker kënne genotzt ginn. E konkreet Beispill wieren do Satellitten. Dës kënnen Opklärung fir de Militär produzéieren, ma och am Katastrophefall agesat gi fir Mënscheliewen ze retten.
An der Ukrain selwer stinn d’Leit trotz dem Eclat vun d’leschte Freideg an der aktuell schwiereger Situatioun am Krich weiderhin zum Groussdeel hannert dem Wolodymyr Selenskyj.