
RTL-Informatiounen no koum et bei der Ouverture vum Geschäft kuerz no 10 Auer en Dënschdeg de Moien zu dësem Tëschefall. E Mann wier mat enger Playstation 5 an engem Wäert vu ronn 750 Euro a Richtung Kees gaangen an huet du versicht, fortzelafen. Aus dem Geschäft erof féiert eng Rolltrap. E Sécherheetsmann vun enger Privatfirma krut de Brigang ze paken, dësen huet dunn de Sécherheetsmann mat engem Messer blesséiert. Hie koum mat der Ambulanz an d’Spidol. Wéi aus dem Bulletin vun der Police ervirgeet, ass de presuméierten Täter am Kader vun enger Enquête ermëttelt ginn, d’Spillkonsol gouf bei him Doheem fonnt. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a kënnt e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.
D’Beamte vun der privater Sécherheetsfirma dierfen nëmmen am Geschäft potentiell Déif stellen. Fir Leit ze kontrolléieren, muss d’Police op d’Plaz geruff ginn. An de Geschäfter am Garer Quartier géif et méi reegelméisseg zu Déifställ kommen, dat hu méi Geschäftsleit RTL géintiwwer bestätegt.
