Vertrauen an d'USA am Keller an däitlech Majoritéit fir méi Defense-Ausgaben
Eng representativ Stéchprouf vu 500 walberechtegte Residentë gouf tëscht dem 7. an 10. Mäerz Online iwwert Mypanel befrot.
Eng grouss Majoritéit vun de Leit wier dofir, datt Lëtzebuerg méi a seng Verdeedegung investéiert. Eng nach méi däitlech Majoritéit wier der Meenung, datt d’USA keen zouverlässege Partner ass. Ënnert anerem dat geet aus de Resultater vun enger spontaner Ëmfro ervir, déi RTL bei Ilres bestallt huet. Eng representativ Stéchprouf vu 500 walberechtegte Residentë gouf tëscht dem 7. an 10. Mäerz online iwwer Mypanel befrot.
D’Resultat ass also eendeiteg an esouguer méi eendeiteg ewéi dat vu rezenten Ëmfroen an onsen Nopeschlänner Däitschland a Frankräich. Heiheem hale ganzer 80% vun de Befroten d'USA net - oder net méi – fir en zouverlässege Partner. Just 8% hätten nach Vertrauen, iwwerdeems 12% et net wéissten. Besonnesch d’Leit iwwer 55 Joer hunn am Sondage Mësstraue géintiwwer Amerika ausgedréckt.
Haten d’USA nach laut Eurobarometer am Oktober e positiven Image bei engem Drëttel vun de Befroten, esou ass jo zanterhier vill geschitt. Mam neie President Trump, huet den historeschen Alliéierte vun Europa jo kloer eng nei Richtung ageschloen: Washington wëll seng Relatioune mat Russland erëm hierstellen, d’Ukrain just nach en Echange vu Buedemschätz eventuell ënnerstëtzen an d’EU hirem Schicksal iwwerloossen.
De Message ass ewéi et schéngt an Europa ukomm. Aus dem Resultat vun eiser neier Ëmfro geet ervir, datt mat 73% (bal identesch ewéi an Däitschland) eng däitlech Majoritéit vun de Befroten der Meenung ass, datt Lëtzebuerg méi a seng Defense misst investéieren. 19% wieren dogéint. 8% hätte keng Meenung dozou.
D'russesch Menace an d'ukrainesch Hëllef
Haten d’Befroten an eisem Politbarometer am Dezember "d’Weltlag, déi ëmmer méi geféierlech gëtt" als zweetgréisst Suerg uginn, esou confirméiert sech den Trend an eiser neier Ëmfro: aus där geet ervir, datt 63% vun de Leit Angscht virun enger Attack vu Russland hätten. 24% hu bei där Fro mat "Nee" geäntwert an 13% mat "Ech weess et net". Besonnesch déi, déi fir méi Defense-Ausgabe sinn a besonnesch d'Alterstrache vun 18 bis 34 Joer géing eng Attack fäerten.
Fir d’Ukrain stellt sech déi Fro jo zanter 2014 an 2022 net méi. Op d’Fro ob Lëtzebuerg Kiew soll weider ënnerstëtzen, goufen et méi Optioune fir z’äntweren, mee ënnert dem Stréch ass de Support grouss. 45% wiere fir militäresch a finanziell Ënnerstëtzung. 17% géingen hire Support op finanziell Hëllef limitéieren an 9% op militäresch Hëllef. 20% wiere géint all déi Optiounen. 10% wëssen et net, dorënner haaptsächlech d’Fraen.
Soll da Lëtzebuerg Friddenstruppen an d’Ukrain schécken? Hei hunn 52% vun de Befrote mat "Jo" geäntwert, 33% mat "Nee" a 15% mat "Ech weess et net".
Kontext: 2% oder 3% vum RNB a vu wou sollen d'Sue kommen?
D’Regierung féiert aktuell intern, mee och mat all de Parteien an der Chamber Diskussiounen iwwer d’Defense-Ausgaben. Aktuell leien déi bei 1,32% vum nationale Räichtum. Déi aktuell Regierung huet sech - ewéi déi viregt wéinst Drock vun der Nato schonn - als neit Zil 2% vum nationale Räichtum (RNB) bis d’Joer 2030 ginn, wat enger Hausse vu ronn 600 Milliounen Euro entsprécht. De Premier Luc Frieden huet scho puer Stonne virun der Ried vum US-Vizepresident JD Vance de 14. Februar zu München deklaréiert, et misst ee sech éischter op 3% "mental virbereeden". D’Regierung wéilt bis den Nato-Sommet vum 24. bis 26. Juni eng Decisioun huelen.
All d’EU-Staats- a Regierungscheffen hunn d’lescht Woch um Spezialsommet der Propos vun der EU-Kommissioun zougestëmmt fir méi Schold z’erlaben, wann déi fir d’Defense gemaach gëtt. De Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth hat am RTL-Interview d’lescht Woch sech awer dogéint ausgeschwat, datt de Grand-Duché méi Scholde mécht. Hie favoriséiert eng "nei Orientéierung" vun den Investissementer.
D’Gespréicher doriwwer, ewéi héich d’Defense-Ausgabe solle sinn a wéi eng Hausse soll finanzéiert ginn, hunn ugefaangen. De Sondage vun Ilres fir RTL weist op d’mannst, datt déi allermeescht Befrote sech méi Defense wënschen.
Detailer zu de Resultater an der Method vum Sondage fannt Dir hei.
Kloertext: Dës Woch schonn e Mëttwoch
D'Resultater vum RTL-Ilres-Sondage sinn och ee vun de Sujeten an der nächster Emissioun Kloertext mam Caroline Mart. An dëser Woch leeft de Kloertext ausnamsweis schonn e Mëttwoch den Owend ëm 20 Auer, nom Journal, op der Tëlee a parallel am Livestream op RTL.lu an RTL PLAY.
Invitéë sinn de Finanzminister Gilles Roth, de fréiere Verdeedegungsminister François Bausch (deen en Dënschdeg och eisen Invité vun der Redaktioun war), den Direkter vun der Fedil René Winkin an de Finanzexpert Claude Arend.