Aktuell politesch Entwécklunge weisen, datt Lutte nach net eriwwer ass
De Grënner vum Planning Familial hire Verdéngscht ass et, datt haut grouss gesellschaftspolitesch Reformen existéieren.
De Planning Familial setzt sech schonn zanter 60 Joer dofir an, d’Leit iwwer d’Sexualgesondheet opzeklären an do och jidderengem Accès zu medezinesche Servicer ze garantéieren. Dëst Joer feiert de Planning Familial säin 60. Anniversaire: Eng Geleeënheet fir zréck, awer virun allem och no vir ze kucken.
Sech fir déi sexuell a reproduktiv Rechter asetzen a medezinesch Servicer am Beräich vun der Sexualgesondheet accessibel maachen, dat si schonn zanter 60 Joer d’Missioune vum Planning Familial. Eng Organisatioun, déi fir jiddereen zougänglech ass, esou d’Ainhoa Achutegui, Präsidentin vum Verwaltungsrot.
Mir sinn och vun eiser Ausriichtung extrem inklusiv. Jiddereen ass wëllkomm, jidderee ka mat senge Froe kommen, dat ass ganz wichteg. All Froe sinn OK, mir hu keng Tabuen, alles ka gefrot ginn, alles ka beschwat ginn, alles huet seng Plaz. An dofir setze mir eis an.
Wei deen Asaz 1965 ugefaangen huet, huet ee sech fréi misste géint gesellschaftlech konservativ Stréimungen zu Lëtzebuerg duerchsetzen. Et wier de Grënner vum Planning Familial hire Verdéngscht, dass grouss gesellschaftspolitesch Reforme wéi eng Liberaliséierung vum Avortement haut existéieren.
Aktuell politesch Entwécklunge géifen allerdéngs weisen, dass dës Lutte nach net eriwwer ass. D’Recht op den Avortement zum Beispill misst dofir an der Verfassung verankert ginn, esou d’Fatima Rougi vum Planning Familial.
Nous, on est un peu dans cette optique de mieux vaut prévenir que guérir. Et la constitution c’est la norme suprême: Ce qu’une simple loi peut donner, une simple loi peut le retirer. C’est ce qui arrive dans de nombreux pays. Et donc on ne veut pas que ça arrive au Luxembourg.
Aner Fuerderunge sinn och, dass de gratis Accès op Verhiddungsmëttel an op Hygiènesartikele wärend der Menstruatioun misst ausgebaut ginn. Och misst ee méi opklären an dofir huet een am Kader vum 60. Gebuertsstad fir déi nächst Méint eng Hellewull un Evenementer organiséiert, fir iwwer aktuell Sujeten ze diskutéieren, esou d’Céline Gérard Directrice vum Planning Familial.
An do hu mer einfach geduecht: Ok, wat sinn déi Haapttheme fir déi sech d’Populatioun elo interesséiert fir weider d’Leit ze sensibiliséieren an ze informéieren, well dat ass jo eis Missioun säit 60 Joer.
Des Sensibiliséierung wier nach ëmmer wichteg, virun allem fir iwwer Krankheeten opzeklären, déi éischter Fraen treffen an iwwert déi nach net esou vill gewosst ass, wei bei der Endometriose. Dofir brauch et eng feministesch Opklärung déi Frae A Männer abënnt, well, esou d’Ainhoa Achutegui:
Feminismus ass net de Géigendeel vu Maskulinismus. Feminismus ass Egalitéit, Feminismus ass, ze denken an ze wëssen, dass mir als Mënschen all gläichwäerteg sinn an och gläichberechtegt an dass mir dofir musse kämpfen, zesummen.
Et wier genee dëst Versteesdemech fir d’Gläichberechtegung fir dat de Planning Familial sech och an Zukunft wäert asetzen.
Am Kader vum 60. Anniversaire huet de Planning Familial vum Abrëll bis an den November Table-Ronde a Virträg organiséiert. Ween interesséiert ass, fënnt dee ganze Programm op planning.lu