Ofdreiwungen huelen zou - Planning Familial fuerdert global Chifferen
E Mëttwoch de Moie war "60 Joer Planning Familial" d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"D'Gesellschaft huet sech total verännert, mir sinn natierlech méi opgekläert, awer net forcement besser," dat seet d'Presidentin vum Planning Familial, deen dëst Joer seng 60 Joer feiert. D'Ainoah Achutegui war eis Invitée vun der Redaktioun.
"Et ass alarmant": Geschlechtskrankheeten huelen däitlech zou
An de 60er Joren hunn d'Grënnungsmembere vum Planning Familial nach mussen an d'Fabrécke goen, fir déi jonk Männer a Fraen opzeklären. Deemools hätt ee wierklech nach missen erklären, wat iwwerhaapt eng Erektioun ass. Also richteg Basis-Opklärung. Haut wier dat zwar net méi néideg, mee et bräicht ëmmer nach vill Opklärungsaarbecht, well zum Beispill huelen d'Geschlechtskrankheeten zu Lëtzebuerg ëmmer weider zou. Dat ass alarmant, fënnt d'Ainhoa Achutegui. De Gesondheetsministère hat schonn dës Woch Chifferen iwwer d’Syphilis geliwwert, déi sech hei am Land ëmmer weider verbreet, ma och d'Chiffere vum Planning Familial géingen dat weisen. Dat hätt verschidden Ursaachen. Mee virop well Kondomer ëmmer manner benotzt ginn. Aids géing nämlech net méi als grouss Gefor ugesi ginn, well et mëttlerweil gutt Traitementer gëtt géint dës Geschlechtskrankheet. Fir deem entgéint ze wierken, fuerdert de Planning Familial, dass endlech och Kondomer gratis ginn. Vill aner Verhütungsmëttelen si jo hei am Land scho gratis. Donieft misst een nach vill sensibiliséieren op d'Problematik vun dëse Geschlechtskrankheeten.
Konservativ Stréimunge ginn ëmmer méi staark
D’Liberaliséierung vun der Ofdreiwung mat dem Schafe vu Gesetzer, fir dëst Recht ze garantéieren, gehéiert zu de gréisste Succèse vum Planning Familial. 1978 gouf dat éischt Gesetz geschaaft, mëttlerweil wier een an der 3. Versioun dovun. Am Kader vum 60. Gebuertsdag vum Planning Familial betount d’Ainhoa Achutegui, dass de Wee keen einfache war. Haut hätt een eng breet Zoustëmmung an der Gesellschaft, déi sech deemools d'Dr Marie-Paule Molitor-Peffer mat vill Aarbecht erkämpft hätt. Weltwäit géing een awer elo gesinn, grad mat Bléck op d’USA, dass konservativ Stréimunge vun Ofdreiwungsgéigner, Maskuliinsten an Incel’s (involuntary celibacy) mat vill Suen operéieren an un Terrain gewannen. Si géinge sech ganz bewosst géint Frae stellen an dorop misst een oppassen, well och Lëtzebuerg wär keng Insel.
Ofdreiwungsdelai vun 12 op 14 Wochen eropsetzen
D'Ofdreiwung misst dem Ainoah Achutegui no dofir an d'Verfassung geschriwwe gi, fir dëst Frae-Recht besser ze schützen. Well e Parlament kéint e Gesetz séier änneren. Eng Verfassung ännert een dogéint manner séier. De Planning Familial plädéiert weider dofir, datt den Delai dofir vun 12 op 14 Wochen eropgesat gëtt. An den Nopeschlänner géing dat scho laang gëllen. D’Lëtzebuerger Gynekologen hunn do virdru gewarnt, well et méi geféierlech fir d’Frae wier. Dat gesäit de Planning Familial anescht. D’Prozedur no 12 Woche géing zwar effektiv an der Klinik gemaach ginn, mee de Risiko wier net sou héich wéi dat duergestallt gëtt. Et wier eng Léisung fir Fraen, déi hir Schwangerschaft eréischt ganz spéit bemierken oder fir Fraen, déi een "Déni de grossesse" maachen.
Ofdreiwungen huelen zou: mee et feelt u globale Chifferen am Land
An de leschten zwee bis dräi Joer hätten d'Avortementen am Land wierklech drastesch zougeholl. Op d'mannst déi, déi beim Planning familial gemaach ginn. Dofir huet de Planning och scho beim Santésministère ugeklappt, fir och d'Zuele vun den Avortementer ze kréien, déi bei de Gynekologe gemaach ginn, mee wéi et schéngt géingen dës guer net erfaasst ginn, kritiséiert d'Ainhoa Achutegui. Dat wier scho problematesch, well sou kéint keng Politik vun der ëffentlecher Gesondheet gemaach ginn.
Eng méiglech Erklärung fir dës Hausse vun Ofdreiwunge wier, datt d'Prekaritéit vun de Leit weider klëmmt an dass sech Fraen dogéint entscheeden, e Kand op d'Welt ze setzen, well se keng finanziell Moyenen hunn. Dat misst ee sech definitiv méi no ukucken, mee bräicht et dofir wéi gesot och Zuelen, sou d'Presidentin vum Planning Familial.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.