Aktualitéitsstonn an der ChamberDéi Lénk: Recht op Energie ass e fundamentaalt Mënscherecht

RTL Lëtzebuerg
De Stroum, dee méi deier ginn ass, war en Donneschdeg de Mëtteg ee vun de Sujeten um Krautmaart. 

Déi Lénk haten eng Aktualitéitsstonn ugefrot an hunn ënnerstrach, datt d’Recht op Energie e fundamentaalt Mënscherecht ass.

Aktualititéitsstonn Stroumpräisser/Reportage Dany Rasqué

Déi politesch Sensibilitéit um Krautmaart fuerdert dofir, datt d’Regierung sech fir eng besser Prise en charge vun den Netzkäschten asetzt, fir d’Stéit op déi Manéier z’entlaaschten - esou den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner.

Mir si ganz kloer dofir, datt d’ëffentlech Hand erëm d’Handhab iwwer de Stroum kritt an iwwerhaapt iwwer d’Energie am Allgemengen. An deem Sënn si mer och der Meenung, datt de Staat säin Undeel am Finanzement vun den Netzer soll eropsetzen an esou d’Stéit finanziell entlaaschte kann.

Déi Lénk hunn eng entspriechend Motioun eraginn, déi vun der LSAP, de Gréngen an de Pirate matgedroe gouf. An enger zweeter Motioun huet d’Partei sozial an ekologesch gestaffelt Tariffer gefuerdert.

D’Suergen iwwer méi héich Energiepräisser géif jiddereen deelen, sot de Ressortminister Lex Delles, huet awer och kloer gemaach, datt d’Regierung um Stroumpräis, deen aus 3 Deeler besteet, näischt kéint änneren.

Op där enger Säit d’Taxen. Do si mer esou déif, wéi mer nëmme kënne sinn. Mir kënnen net méi déif goen op deem Punkt. Deen zweete Punkt ass den Elektron selwer. Deen ass um Marché. Eng Motioun fuerdert, dass mer elo an d’Planwirtschaft iwwer ginn an dass mer soen, wann zu Lëtzebuerg e Präis gefrot gëtt, ass dat e Präis X, deen d’Regierung einfach finanzéiere soll. Dat kënne mer net maachen, schonn eleng wéinst europäesche Critèren. Mir kënnen net soen, wat en Elektron soll kaschten.

Déi drëtt Komponent vum Stroumtarif sinn d’Netzkäschten a fir déi ass den ILR, den Institut luxembourgeois de régulation, zoustänneg. De liberalen Energieminister huet drun erënnert, datt dëst Joer nach 170 Milliounen Euro am Budget fir de partielle Präisdeckel virgesi sinn. D’Regierung ass och amgaangen, u Mesuren ze schaffen, fir via de Präisdeckel d’Netzkäschten ze reduzéieren.

Back to Top
CIM LOGO