An der Nuecht op en Dënschdeg konnt een och vu Lëtzebuerg aus eng wäiss-bloelzeg blénkeg Spiral um Nuetshimmel gesinn.
Wat stécht hannert dësem Phänomen?
Obwuel et spektakulär ausgesäit, ass d’Erklärung relativ onspektakulär. Wéi verschidde Medie mellen, kéint et sech ëm Reschter vu Sprit vun enger Rakéit handelen, dee fräi an der Atmosphär rotéiert. Warscheinlech stamen dës vun enger SpaceX-Rakéit.
Phänomeen schonn am Joer 2023 beschriwwen
2023 war en änlecht Muster iwwer Alaska ze gesinn. Den Don Hampton vum Geophysikaleschen Institut vun der Universitéit vun Alaska huet deemools géintiwwer der Noriichtenagence AP erkläert, dass et sech heibäi ëm onbenotzte Sprit gehandelt huet, dee vun enger Rakéit ofgelooss gouf. An dësen Héichte gefréiert dësen a formt kleng Äiskristaller. Op der Äerd géif een dann d’Muster gesinn.
Hutt och Dir eng Foto gemaach? Da mailt eis dës op foto@rtl.lu.