Nei Struktur "Kompass"Schüler mat motoreschen Defiziter op Aarbechtswelt preparéieren

RTL Lëtzebuerg
"Kompass" heescht eng nei Struktur vum Centre pour le développement moteur, déi en Donneschdeg de Moien offiziell ageweit ginn ass.
Nei Struktur "Kompass"
“Kompass” heescht eng nei Struktur vum Centre pour le développement moteur, déi en Donneschdeg de Moien offiziell ageweit ginn ass.

Dat a Presenz vum DP-Educatiounsminister Claude Meisch. An der neier Struktur zu Stroossen gi Schüler mat engem motoreschen Defizit op d’Aarbechtswelt an op een autonoomt an aktiivt Liewen dobausse virbereet.

Déi nei Struktur ass zanter der leschter Rentrée operationell. Aktuell si sechs Schüler daagsiwwer an der Woch am “Kompass”. Zil wier et, d’Schüler esou gutt wéi méiglech op déi Etapp nom Centre pour le développement moteur virzebereeden, erkläert d’Anneke Walch déi de Projet begleet.

“D’Iddi ass zum Beispill och de Kompass als Tëschenetapp ze gesinn tëschent deem, wat virdru war a wat duerno kënnt, einfach well eis Scolaritéit net esou däitlech déi Aschnëtter weist, wéi dass ee se dobausse kennt vu Spillschoul, Fondamental a Lycée. Dat heescht, mir maachen hei e bëssen esou eng Tëschenetapp, wou d’Schüler mierken, et kënnt dat nächst, ech si bei deene Groussen an da sinn ech prett.”

Fir déi nei Etapp am Liewen, steet fir déi sechs Schüler am Kompass deemno nieft Schoulfächer ewéi Mathé, Franséisch an Däitsch, och Kachen, Spullen oder am Gaart schaffen um Programm. Si hätten nawell vill ze dinn, fënnt dat 17 Joer aalt Kida.

“Mir decken den Dësch, mir raumen hei alles op, mir maachen d’Wäsch.”

Dat kéint schonn emol bësse stresseg sinn, mee allgemeng gefält et dem Kida:

“Ganz gutt. Ech si glécklech.”

Sou autonom liewe wéi méiglech, dat ass d’Zil. De Kompass wier och eng Virbereedung op d’Aarbechtswelt, ënnersträicht den Educatiounsminister, Claude Meisch.

“An dofir maache se jo och Stagen, meeschten an ateliers protégés, wat awer ganz dacks hir Perspektiv ass. Fir do éischt Erfarungen ze sammelen, fir och erauszefannen, wat hinnen eppes seet. Sou wéi bei all Mënsch eigentlech och eng Orientatioun noutwenneg ass an dann déi Transitioun soll preparéiert ginn, geschitt dat hei och am CDM am neie Kompass.”

Ronn 80 Kanner mat motoreschen a kierperlechen Defiziter ginn am “Centre pour le développement moteur” zu Stroossen betreit. Den CDM ass ee vun am Ganzen néng Kompetenzzentere fir Kanner mat spezifesche Besoinen am Grand-Duché

Back to Top
CIM LOGO