
De fréiere President vun der Policegewerkschaft war bei de Wale fir d’Neibesetzung vum Gewerkschaftscomité op déi lescht Plaz komm a war domat net direkt eragewielt ginn. Allerdéngs hätt hie kënnen noréckelen, well et parallel véier Demissiounen aus dem Comité gouf.
De Pascal Ricquier selwer huet bis ewell net op eis Nofroe reagéiert. Hie war bis de Summer 2023 President vum SNPGL. Dunn huet dee pensionéierte Polizist säi Mandat opginn, fir mat der CSV an d’Walen ze goen, ma gouf net an d’Chamber gewielt a konnt och net noréckelen. Virun engem Joer ass hien dunn aus der CSV ausgetrueden. Hie war sech net mam Inneminister Léon Gloden iwwer d’Sécherheetspolitik eens, méi genee iwwer d’Schafe vun enger Lokal-Police. Hien hat verschiddene Medien och gesot, datt hie sech eng Plaz als Conseiller am Inneministère erwaart hat, mee de Léon Gloden net vun där Iddi begeeschtert war.
De Pascal Ricquier ass bei de Sozialwale fir Staatsbeamtekammer mam OGBL ugetrueden. Dat obschonns den SNPGL, wou hien elo fir de Comité kandidéiert hat, mat der Staatsbeamtegewerkschaft, CGFP, affiliéiert ass.
Ma och bannent dem SNPGL hat de Pascal Ricquier an de leschte Méint Sträit, dat wéinst Statutenännerungen iwwer d’Representatioun vun de Pensionären an der Gewerkschaft. De Pascal Ricquier huet der Ekipp ronderëm seng Nofollgerin, Marlène Negrini, virgehäit, dës Ännerungen ze maachen, fir hien z’ecartéieren.
Duerch intern Votten am Comité war d’Marlène Negrini als Presidentin ofgesat ginn, an de Generalsekretär Christian Hoffmann war Interimspresident ginn. Hien ass ënner deene véier Leit, déi elo aus dem Comité demissionéiert hunn. D’SNPGL huet e Méinden den Owend Generalversammlung. Eréischt op der éischter Comitéssëtzung no där Assemblée designéiert den neie Comité definitiv, wie wéi eng Chargen iwwerhëlt.
Wéi de Pressespriecher vun der Staatsbeamtegewerkschaft Max Lemmer eis op Nofro hi confirméiert, ass de Pascal Ricquier och aus der CGFP ausgetrueden.
Wéi de Radio 100,7 mellt, hätt de Pascal Ricquier no enger Entrevue mam Comité exécutif demissionéiert. Beim Rendez-vous hätt hie sollen erklären, ob seng Kandidatur fir den OGBL bei de Sozialwale vun der Staatsbeamtekammer der CGFP geschuet huet.