Uelegfuite soll schold un Deviatioun op Genf gewiescht sinn

© RTL Mobile Reporter
E Méindeg ass eng Luxair-Maschinn, déi ënnerwee vu Mailand op Lëtzebuerg war, als "Precautiounsmesure" op Genf deviéiert ginn.
D'Luxair huet de Virfall en Dënschdeg confirméiert, ouni awer laang Zäit genee Detailer dozou ze nennen, firwat d'Maschinn vum Typ De Havilland Dash 8-400 no hirem Start em 8.40 Auer eng ongeplangten Tëschelandung an der Schwäiz huet misse maachen. Rieds war just vun enger Precautiounsmesure am "Accord mat eise gewënschte Prozeduren an am Respekt vun eisem Sécherheetsstandard".
Fir déi 69 Passagéier vum Fluch LG6992 hätt zu kengem Moment eng Gefor bestanen. D'Clientë wiere betreit ginn a wieren e Méindeg den Owend nees zu Lëtzebuerg ukomm.
Ee Passagéier, deen ugëtt, mat sengem Partner beim Vol derbäi gewiescht ze sinn, huet sech an der Suite allerdéngs un RTL geriicht an d'Situatioun e bësse méi seriö beschriwwen. Wou de Fliger iwwert den Alpen war, wier vum Pilot eng Duerchso komm, datt een eng Noutlandung misst aleeën, well de Motor op der rietser Säit Ueleg géif verléieren a just mat niddereger Puissance géing lafen. Bei der Landung um Flughafen zu Genf wieren d'Pompjeeë schonn do gewiescht.

No der Landung stoungen d'Pompjeeën scho prett. / © RTL Mobile Reporter
"Duerch d'Fënster konnte mir gesinn, datt déi komplett reits Säit giel a voller Ueleg war", heescht et am laange Message, deen RTL en Dënschdeg den Owend krut. Dem Passagéier no wiere scho virum Flug Drëpsen ze gesi gewiescht, wat si awer als Kondenswaasser ofgedoen hätten. Och nom Debarquement hätt et Probleemer ginn: et hätt vun der Luxair net vill Informatioune ginn, et hätt ee laang op den nächste Fluch misse waarden an et hätt een nach keng Entschiedegung kritt, esou d'Virwërf.
Kee Probleem mat Motor, mee Drockverloscht beim Ueleg
D’Luxair wollt de Virfall an d’Aussoe vum Passagéier op Nofro um Telefon fir d'éischt net weider kommentéieren, huet awer no Redaktiounschluss op eng schrëftlech Ufro reagéiert.
Dora war nees rieds vun enger Deviatioun als Sécherheetsmesure, déi mat den interne Prozeduren a mat de Sécherheetsnorme konform gewiescht wier. Et wier wichteg ervirzehiewen, datt et kee Probleem mam Motor ginn hätt, ma datt een Drockverloscht beim Ueleg registréiert gi wier. Zu kengem Ament hätt awer eng Gefor fir d'Passagéier bestanen.
D'Pompjeeën hätten um Fluchhafen zu Genf scho prett gestanen, wat Deel vun der normaler Prozedur wier, wann ee Fliger ongeplangt lande muss. Et hätt ee sech direkt ëm d'Passagéier gekëmmert an si hätten all nach den Dag selwer hir Destinatioun erreecht, esou d'Luxair an hirer Stellungnam.