"Joerzéngten ass et nëmme biergop gaangen. Ech mengen, dat ass elo eriwwer"
Déi aktuell Pensiounsdebatt, déi hei am Land gefouert gëtt, erhëtzt ëmmer méi d'Gemidder. Mir hunn dräi Pensionnairen no hirer Meenung gefrot.
Déi sougenannt Baby-Boomer-Generatioun geet lues a lues an d'Pensioun. An den nächste Jore kommen deemno vill Pensionnaire bäi. D'Pensiounskeess iwwerdeems stéisst un hir Limitten. Den neiste Projektioune vun der IGSS no wieren d'Reserven an 20 Joer opgebraucht. Vill gëtt jo diskutéiert, wéi een de System nohalteg opstelle kann. Iwwer Kierzungen an aner Solutiounen. Mä wéi gutt lieft et sech iwwerhaapt mat de Pensioune vun haut? A wéi eng Zukunftssuerge maache sech Betraffener?
Den Alter: e kann esou schéi sinn. Nach ni hu Mënschen esou laang an esou fit gelieft ewéi haut. De Liewensowend ass eppes, wouropper ee sech freeë kann... Wier do net dat léift Geld. Et sti grouss Verännerungen iwwert déi nächst Joerzéngten un an dat spiert jiddereen!
“Net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mä a ville Länner ass et déi Joerzéngten ëmmer nëmme biergop gaangen. Ech mengen, dat biergop goen, dat ass eriwwer", esou de Lucien Maes..
“Ech hunn zwee Enkelkanner. An dann denken ech: ëm Gotteswëllen, wat maachen déi Kanner nach mat? Wéi geet et fir déi?", esou d'Gedanke vun der Monique Henisch.
“Ech si frou, datt ech an der Pensioun sinn. All déi no mir dat ass guer net méi sécher, datt déi se nach kenne mat 60 huelen," stellt d'Bernadette Scheuren fest.
Mir treffen d’Monique, de Lucien an d’Bernadette bei sech Doheem. Allen dräi si se an der Pensioun. Fir d’Baby-Boom-Generatioun ass et e grousse Sprong. An de 1970er Jore louchen d’Pensioune generell bei 2 bis 300 Euro de Mount fir déi ganz Famille: net ëmmer einfach Zäiten.
Déi fréier Enseignante Monique Heinisch lieft aktuell mat hirer Witwerent. “Dat waren zwee Kanner. D’Elteren. D’Bomi huet nach am Haus gewunnt. Do ass dann och op den Dësch komm fir fënnef Leit. A mat enger Rent, mat där vu mengem Papp, déi kleng war, wann ech dat mat haut vergläichen. Da muss ech soen: jo mir si gutt.”
D'Bernadette Scheuren huet am Soins-Sekteur geschafft an ass zanter engem Joer an der Pensioun. “Mäi Papp war ni zefridde mat deem Chiffer, deen hie fir seng Pensioun kritt huet. Ech hunn nach dräi Bridder a wou déi schaffe gaange sinn, an déi hu mengem Papp erzielt, wat si verdéngen, sot mäi Papp ëmmer: fir dat wat ech geschafft hunn an elo kréien, dat ass traureg.”
D’Liewensstandarden an der Pensioun ginn awer och haut hei zu Lëtzebuerg weit auserneen, weess d'Bernadette Scheuren, déi 18 Joer net geschafft huet, well si no hiren Elteren an no hirem Meedche gekuckt huet. “Gottseidank sinn ech bestuet. Well wann ech elo meng Pensioun géif kucken, dann hätt ech en décke Problem. Ech hunn eng schéi kleng Pensioun. Mä dat géif elo awer guer net duergoen, wann ech elo misst Loyer, Stroum a Gas bezuelen. Dofir géif et sécher net duergoen.”
De Lucien Maes huet am Assurancësecteur geschafft an ass mat 60 an d’Pensioun gaangen. “Et ass een net räich, mee et kann awer e Liewe feieren, wou een an der Pensioun och Fräizäitbeschäftegunge kann nogoen, ee kann an d’Vakanz goen, ee sech kann en Auto leeschten. Et ass awer scho wichteg, datt een an deem Alter keng Schold méi huet. Datt een an deem Alter kee Loyer oder eng Schold méi muss ofbezuelen.”
E Liewen ouni Schold gëtt ëmmer méi zum Ideal-Fall. Prête vun engem Haus op de Banken zéien sech haut gären op 30 bis 40 Joer. D’Konsequenz dovun ass, datt ee méi laang Schold huet. Och op eemol nach bis an de Pensiounsalter. Deiere Logement, déi generell Inflatioun, d’Onsécherheet, wéi et mat de Pensioune fir déi Jonk virugeet maache besonnesch de Jonken an hiren Eltere suergen.
“Mir haten hei zu Waasserbëlleg eng Plätterchersfabrik an do huet dat halleft Duerf geschafft. An oft huet de Mann eleng geschafft. D’Fra net. A se konnte sech quasi alleguer en Haus bauen. Mat der Pai, déi en Aarbechter heembruecht huet. Mat Kanner. Dat geet haut net méi", erënnert sech de Lucien Maes. "Ech mengen haut, eis Kanner, meng Kanner, déi haut an déi 30 sinn, hunn et haut vill méi schwéier, weiderzekommen an och finanziell vun der Plaz ze kommen, wéi mir dat deemools haten. Ech mengen, et gëtt net méi einfach. Am Contraire, et gëtt warscheinlech ëmmer méi schwéier.”
D’Zuel u Pensionäre klëmmt zu Lëtzebuerg. Projektiounen no solle bis 2070, also a 45 Joer, méi Leit Pensiounen zu Lëtzebuerg ausbezuelt kréien ewéi de Grand-Duché Leit huet, déi fir dës schaffen, also abezuelen. Déi politesch Debatten ronderëm d’Pensioun lafen op Héichtouren. Uwéi enge Schrauwe soll da gedréint ginn?
Bernadette Scheuren
“Net ëmmer mat der Strenz iwwert d’Land. Mee do vläicht e bësse bei deene klenge vläicht mol wierklech e bëssen duerch d’Blieder kucken a kucken, wéi een deenen hëlleft a wou de Problem läit," fënnt d'Bernadette Scheuren.
D'Monique Heinisch geet an eng änlech Richtung. “Eventuell esou, datt et méi eng Gläichheet ënnert de Leit gëtt. Datt méi jiddweree mat engem Mooss ka liewen, datt en zefridden a frou ass.”
Méi konkret Virschléi mécht de Lucien Maes. “Well d’Liewen esou deier ass, well d’Leit net sollen an der Aarmut liewen, wa se eng Kéier d’Pensioun kréien, soll ee versichen, d’Pensiounen op engem relativ héijen Niveau ze halen an d’Beiträg an d’Luucht ze setzen.”
Gesicht gëtt also eng fair Léisung fir Jonk an Al. Affaire à suivre.