An Däitschland sinn e Mëttwoch d'Koalitiounsverhandlungen tëscht CDU/CSU an SPD op en Enn gaangen.

Am Koalitiounsaccord, deen nach vun deene verschiddene Parteien ugeholl muss ginn, ass festgehalen, datt d'Kontrollen un de Grenze mat den Nopeschlänner verlängert ginn. Déi Kontrollen hu jo och een Impakt op déi ronn 55.000 Pendler, déi all Dag vun Däitschland op Lëtzebuerg schaffe kommen. Den Inneminister Léon Gloden huet sech an deene leschte Méint jo ëmmer nees dofir agesat, datt déi Kontrollen entweder ganz ophalen, oder op d'mannst net méi permanent sinn. Ma obwuel se elo weiderlafe sollen, gesäit hien awer eng Verbesserung.

Gloden zu Grenzkontrollen am däitsche Koalitiounsaccord / Rep. Marc Hoscheid

"Fir d'éischt stellen ech mol fest, datt opgrond vum Drock vun der Lëtzebuerger Regierung an opgrond vun deene ville bilaterale Gespréicher, déi ech mat dem Nancy Faeser hat, datt net méi am Koalitiounsaccord steet, datt se einfach unilateral Zréckweisunge géinge maachen. Mee et steet een explizitte Verweis dran, datt se mat den Nopeschlänner bilateral Gespréicher géinge sichen."

Ob et mat engem CSU-Inneminister - den Alexander Dobrindt gëtt fir dee Poste gehandelt - méi einfach wäert ginn, konnt de Léon Gloden net soen. Hie géing den Dobrindt op alle Fall nach vu fréier kennen. Lëtzebuerg géing op alle Fall bei senger Positioun bleiwen, datt Grenzkontrolle weder am Interêt vum Grand-Duché nach vun Däitschland wieren. Iwwer d'Repercussiounen op d'Wirtschaft eraus wier et och einfach wichteg, datt net nees Grenzen an de Käpp vun de Leit entstinn.

Déi Lëtzebuerger Regierung hält iwwerdeems un hirer Reklamatioun bei der EU-Kommissioun fest. Dës misst hir Responsabilitéit iwwerhuelen a préiwen, ob d'Mesuren, déi Däitschland geholl huet, nach ëmmer berechtegt a proportional sinn.

RTL

Den Inneminister Léon Gloden (CSV) mat der däitscher nach-Inneministerin Nancy Faeser (SPD). / © AFP (Archiv)