E Méindeg huet de Minister fir Ëmwelt a Biodiversitéit, de Serge Wilmes, den neie Klimabonus mam Numm "Mouer a Wiss" virgestallt.

Wa vill gebaut gëtt gëtt vill Fläch versigelt an domat Natur futti gemaach. Dësen neie Subventiounsprogramm riicht sech u Privatleit, déi Wisen oder suppeg Gebitter besëtzen an dës Fläche wëllen erhalen oder verbesseren.

D’Zil vum Klimabonus ass et, ökologesch wäertvoll Biotopen, wéi z.B. Bléiwisen oder Fiicht-Gebitter, besser ze schützen. De Minister Serge Wilmes verweist op d'Biodiversitéit an op en Doheem fir vill  Planzen an Déieren: "Firwat ass dat esou wichteg ? Maja ech mengen: déi Wisen, an och déi Moueren, déi erfëlle ganz wichteg Funktioune fir eis als Mënschen, awer och fir ons Déieren. Zum Beispill gëtt CO2 gespäichert, Waasser gëtt gespäichert, Waasser gëtt gefiltert, d’Loft gëtt gefiltert. Mir hu ganz vill Insekten, Bestëbser, wéi d’Beien zum Beispill, déi kënnen hei wonnerbar Konditioune fannen a mir brauchen déi, Vigelcher. – déi spigelen esouvill verschidde Servicer déi hei geliwwert gi vun der Natur fir ons a fir d’Mënschen domat a mir hätte gären, dass d’Regierung dat unerkennt an dofir hu mir dee Bonus hei och agefouert."

Nom Succès vum Klimabonus "Bësch" geet de Staat elo e Schrëtt méi wäit a belount och Besëtzer vu fräien Naturflächen mat Subventioune vu bis zu 150€ den Hektar pro Joer, jee no Gréisst an Aart vum Terrain. D’Terrainen, déi eligibel sinn, mussen op d'mannst 30 Ar* grouss sinn a biologesch wäertvoll an enger "Gréng-Zon" leien. D‘Sandra Cellina vun der Naturverwaltung erkläert, wéi et ofleeft, wann de Proprietäre vun engem Terrain wiesselt:

"Also wann de Proprietäre wiesselt, da muss en dem Keefer Bescheed soen, a wann de Keefer net wëll viru fuere mat der Primm, da leeft et just fir dat Joer, wou deen alen Proprietäre fir d’Lescht nach Proprietäre war an dann hält et eben op. Wann deen nächste viru wëll fueren, da leeft et einfach virun."
 
Fir déi zwou Primme gëllt: d’Besëtzer verflichten sech fir wärend 10 Joer d’Naturflächen no bestëmmte Critèrë weider ze erhalen oder ze retabléieren. Mat dësem Schrëtt wëll d’Regierung Privatleit als Partner fir de Biodiversitéits- a Klimaschutz gewannen. 
 
50% vun de Bëscher gehéiere Privatleit. Den neie Klimabonus ass den éischten an eenzege vu senger Zort a ganz Europa.

*An enger éischter Versioun hate mir 3 Ar geschriwwen, richteg sinn awer 30 Ar.