D'Police huet e Chauffer no enger Course-poursuite festgeholl
© RTL Archiv
E Mëttwochnomëtteg huet d'Police am Kader vun der Campagne "Wanterzäit" eng Kontroll an der Route d'Ettelbréck zu Dikrech gemaach.
Dobäi ass e Gefier op der Héicht vum Gebai "Al Schwemm", trotz Handzeeche vun de Polizisten, fir sech an der Kontroll anzereien, mat enger héijer Vitess op d'Beamten zougefuer. Dës hätte sech misse mat engem Sprong op d'Säit a Sécherheet bréngen, heescht et am Policebulletin.
D'Beamte sinn dem Gefier doropshin nogefuer a konnten dëst no enger kuerzer Verfolgungsjuegd stoppen. Bei der Kontroll vum Chauffer huet sech dunn erausgestallt, dass e Fuerverbuet géint dëse virlouch. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Donneschdegmoie virun den Untersuchungsriichter.
E Mëttwochowend krut d'Police dann en Déifstall an engem Buttek um Boulevard Raiffeisen zu Gaasperech gemellt. Zwee Täter hätten hei Kleeder an aner Saache geklaut. Eng Policepatrull konnt déi presuméiert Täter schliisslech ermëttelen. Déi geklaute Saache goufe bei hinnen am Gefier séchergestallt an d'Geschäft krut dës zeréck. Ee vun deenen zwee Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.