Presuméierte Matschëllege gëtt zum Haaptschëllegen
© Domingos Oliveira - rtl.lu
D’Faite belafe sech op den 18. September 2022. An hirem Haus zu Dikrech gouf d’Fra ëmbruecht.
D’Läich gouf am Keller zerluecht an op verschidde Plaze bruecht.
Den 19. September 2022 gouf am franséische Mont-Saint-Martin en Torso vun enger Fra fonnt. Relativ séier war kloer, dass et sech ëm eng 40 Joer al Portugisin vun Dikrech handelt. D’Been an de Kapp goufen annerhallwe Mount méi spéit am däitschen Temmels fonnt. D’Äerm bleiwe bis haut verschwonnen.
Wat den 18. September 2022 am Haus vum Affer mat grousser Warscheinlechkeet passéiert ass, gouf en Donneschdeg um zweete Prozessdag méi kloer. Anescht wéi e Méinde vum Ugeklote behaapt, ass et éischter onwarscheinlech, dass säin Neveu d’Affer ëmbruecht huet. Virum Dikrecher Geriicht muss sech dësen en Donneschdeg net veräntwerten, well en an de Maroc geflücht ass. Do huet hie sech awer der Police gestallt. An der Suite krut hie seng Pabeieren ofgeholl an et gouf en Areesverbuet gesprach. Géint de Mann leeft en internationalen Haftbefeel.
D’Affär wier eréischt richteg un d’Rulle komm, nodeems de Mann sech de 26. September 2022 bei der Police vun Dikrech gemellt huet, sou den Enquêteur virun de Riichter. De Mann hätt a sengem Appell säi Monni wéinst Mord u senger Frëndin denoncéiert. Bis zu deem Ament war et de Monni, deen d’Schold op säin Neveu gedréckt huet, deen e Mariage blanc (eng Scheinehe) mam Affer wollt agoen. Et hätt e Sträit tëscht der falscher Koppel ginn, sou de Monni, wouropshin säin Neveu d’Affer mat engem Messer ëmbruecht hätt.
Bei der Enquête koum awer eraus, dass d’Versioun vum Neveu méi plausibel wier. Knackpunkt vun der Geschicht: Den Ugekloten, dee sech zanter e Méinde muss virum Dikrecher Geriicht veräntwerten, war net just e Frënd vum Affer, mee hat och eng Affär mat dësem. Déi sollt awer op en Enn kommen, well d’Affer eng nei Relatioun wollt agoen. E Fait, deen den Ugeklote wuel net akzeptéiere wollt. Scho virdrun hat hien dem Affer ëmmer nees tëscht Messagen, doriwwer wéi gär hien hat huet, och geschriwwen, dass en et géing ëmbréngen. Den Neveu sot iwwert säi Monni, dass dësen d’Affer hätt wëlle kontrolléieren. Hiren Handy an hir Deplacementer. Als aggressiv, jalous a possessiv beschreiwen och Leit aus dem Ëmfeld hien.
Kloerheet an den Dossier, doriwwer, wat den 18. September 2022 passéiert ass, gouf et besonnesch duerch eng Videokamera vun engem Autosgarage an der Géigend vum Haus vum Affer. Hei konnt den Dag vun de Faite genee novollzu ginn, wie wéini an d’Haus gaangen ass, respektiv et mam Auto verlooss huet. Nogewisen ass, dass d’Affer deen Dag um 13.30 Auer e Videoappell mat hirem Frënd hat, dee sollt laanscht kommen. Dëst ass den Neveu wuel sengem Monni ziele gaangen, dee just fënnef Minutten ewech gewunnt huet. De Monni ass doropshin direkt mam Auto dohi gefuer. Um 14 Auer koum hien nees aus dem Haus eraus, ass bis op d’Strooss gaangen, an nees eran. "Eiser Meenung no ass do eppes geschitt", ënnersträicht den Enquêteur. Eréischt um 14.22 Auer koum och den Neveu nees heem. Dësen ass awer ëmmer nees komm a gaangen, bis déi Zwee géint 19h30 Richtung Mont-Saint Martin gefuer sinn, wou si den Torso entsuergt hunn. Méi spéit am Owend sinn déi Zwee dann och op Temmels gefuer, wou se weider Kierperdeeler entsuergt hunn.
Am Prozess gouf awer och ënnerstrach, dass de Monni eng Zort Autoritéit iwwert säin Neveu gehat hätt. Dësen hätt gemaach, wat de Monni gefrot huet. Den Neveu selwer hätt wärend sengem Verhéier betount, dass säi Monni gesot hätt, hie géing him a senger Famill eppes doen, wann hien der Police géing eppes erzielen. Doropshi wier dësen den 23. September 2022 an de Maroc geflücht.
Um éischte Prozessdag hunn d’Experten duergeluecht, dass d’Affer duerch e Stach an den Hals, an d’Duerchtrenne vun der Halsschlagoder ëm d’Liewe komm ass. Bluttspueren, déi nees siichtbar gemaach goufen, loossen drop schléissen, dass d’Affer an der Schlofkummer ëmbruecht gouf an dono d’Läich am Keller zerluecht gouf.
De Prozess geet e Freiden de Moie weider.