Ass e Glas Waasser zu Lëtzebuerg ze vill verlaangt?
Vun ökologesche Wäerter bis wirtschaftlechen Iwwerleeungen - d'Fro ëm gratis Krunnewaasser suergt an de Lëtzebuerger Restaurante fir Polemik.
E puer Restauranten hunn decidéiert et ze unzebidden, awer si si rar. Solle Clienten, déi eppes kafen, e Recht op e Glas Waasser hunn, oder net?
Krut Dir schonn emol an engem Lëtzebuerger Café oder Restaurant en einfacht Glas Waasser refuséiert? Do sidd Dir net eleng.
Wärend et a Frankräich zanter 2022 fir Restauranten obligatoresch ass, hire Clienten direkt no der Bestellung Krunnewaasser unzebidden, ass dat zu Lëtzebuerg éischter d'Ausnam wéi d'Reegel.
Zënter 2016 hu verschidde Petitioune Restauranten dozou opgeruff, gratis Krunnewaasser unzebidden. Eng vun dëse Petitiounen huet et am Joer 2019 souguer an d'Chamber gepackt. D'Resultat war de Start vum Projet "Drénkwaasser" am Joer 2023. D'Betriber, déi matgemaach hunn, krute 24 Fläsche fir nees ze benotzen, déi se mat Krunnewaasser fëllen an hire Clienten offréiere konnten - dat awer zu engem Präis, deen de Betrib selwer festleeë konnt.
Wat seet d'Horesca dozou?
D'Initiativ war méi beléift bei Hoteller, wéi bei Restauranten a Caféen. Déi meescht Restauranten hunn et virgezunn, weider Fläsche Waasser ze verkafen. Gratis Krunnewaasser unzebidden, steet fir vill Betriber ausser Fro.
"Wa mir ufänke Waasser gratis ze verschenken, verdénge mir näischt. Dat wäert nëmmen eis Käschten erhéijen. Ech hunn dat scho gesot: d'Spullmaschinn benotzt Stroum a Waasser, plus d'Käschte vun de Glieser. Déi Käschte kommen all beieneen. Firwat solle mer also eppes gratis ubidden?" seet den Alain Rix, President vun Horesca.
                    © Sibila Lind / RTL
"Waasser ass eng wäertvoll Ressource, déi ëmmer méi knapp gëtt. Ech bezuele mäi Waasser doheem, also gesinn ech net, firwat ee vun eis erwaarde géing, et ze verschenken."
Et stëmmt, Drénkwaasser huet e Präis. Mä zu Lëtzebuerg sinn dës Käschte minimal. Am Duerchschnëtt kascht d'Krunnewaasser 4,50 Euro de Kubikmeter. Dat sinn nëmmen 0,0045 Euro de Liter - manner wéi en halleft Cent.
An awer, vill Restaurateuren nennen déi zousätzlech Käschten an d'Angscht, manner Gedrénks ze verkafen, als Grënn ze refuséieren, Krunnewaasser unzebidden. Ma net jiddereen ass domat d'accord.
Zu Lëtzebuerg gëtt et kee gesetzleche Kader, deen d’Gratuitéit vum Krunnewaasser virschreift oder verbitt. All Etablissement dierf also selwer entscheeden, wéi den Alain Rix ënnersträicht.
Gastronome bidde Waasser un - mat gudden Erfarungen
Bei MESA, der Maison de la Transition zu Esch-Uelzecht, gëtt e Glas Krunnewaasser op den Dësch gestallt, ouni datt een duerno froe muss. "Et ass wichteg fir eis, dëst gemeinsaamt Gutt als Deel vun eisen ekologesche Wäerter ze deelen", seet d'Adriana Cardoso, de Projet Manager. "D'Leit, déi d'MESA besichen, nenne mir "Consommacteurs" - si entscheede sech aktiv, vegetaresch ze iessen a méi ëmweltbewosst ze liewen."








Fir d'Adriana ass Waasser ubidden net nëmmen en ekologeschen Akt, mee och e frëndleche Geste vis-à-vis vum Client. "An eiser Erfarung hält dat Gratis Waasser d'Leit net dovun of, anert Gedrénks ze bestellen", seet si.
Och d'Connie an d'Yuki, d'Besëtzer vum Café Ready?! um Lampertsbierg, bidden hire Cliente gratis Krunnewaasser un.
"Mir sinn an eiser Jugend vill gereest, an all de Caféen, déi mir besicht hunn, gouf et ëmmer gratis Waasser. Fir eis ass et ganz natierlech. Et brauch een et - an et passt perfekt zum Kaffi", seet d'Connie. "Ausserdeem ass Waasser ze verkafen ass net eise Geschäftsmodell. Mir fannen net, datt dat eppes ass, vun deem mir profitéiere mussen",esou d'Yuki derbäi. Souwuel MESA a Ready?! sinn haaptsächlech am Dag op.




Et gëtt awer och d'Brasserie Terres Rouges zu Esch, déi souwuel Mëttegiessen an Owesiessen zerwéiert, a wou d'Karaff Waasser op Nofro gratis op den Dësch gestallt gëtt. Wou de Leo an d'Stela de Restaurant am Joer 2022 iwwerholl hunn, hu si decidéiert, dës Traditioun weider ze halen.
"Well mir no der Grenz sinn, hu mir vill franséischsproocheg Clienten. Mir leeën net automatesch eng Karaff op den Dësch, mee wann ee freet, da brénge mir eng - kee Problem", erkläert de Leo. "Natierlech ginn et Käschten. Mee all gudde Restaurantsbesëtzer huet dat a seng Präisser agerechent. D'Käschte vun engem Glas Waasser sinn an der Gesamtrechnung abegraff."






Trotz den zousätzleche Käschten hunn dës dräi Etablissementer decidéiert, hire Gäscht gratis Krunnewaasser unzebidden. Mee si bleiwen eng Minoritéit zu Lëtzebuerg.
"Jidderee soll maachen, wat hie fir richteg hält", seet den Alain Rix. "Kuckt, an italieenesche Restaurante kritt Dir e gratis Limoncello. Hei ass et Waasser. Et geet einfach ëm Gaaschtfrëndlechkeet. Wann e Betribsbesëtzer fënnt, et wier dat richtegt, da loosst se et maachen. Et ass hir Affär, wéi se hire Betrib wëlle bedreiwen."
Letztendlech bleift d'Ubidde vum Krunnewaasser zu Lëtzebuerg eng Decisioun, déi den eenzelen Etablissementer iwwerlooss ass. Ma den einfache Geste, ee Glas Waasser unzebidden - grad elo, wou de Summer virun der Dier steet -ass am Fong gesonde Mënscheverstand, wann e Client schonn eppes bestellt, esou de President vun der Horesca.
"Wann een ee Glas Waasser freet, da kritt en dat. Déi Entreprise, déi do nee seet, déi ass net ganz korrekt vis-à-vis vu senger Clientèle. Also dat ass fir mech en No-Go. Ma wann elo ee kënnt, dee seet "Ech hätt gär e Liter Waasser an ech wëll et net bezuelen" - dat ass eng aner Geschicht", esou d'Conclusioun vum Alain Rix.