De 7. Mee huet déi nei däitsch Bundesregierung eng Verschäerfung vun de Grenzkontrollen annoncéiert.

Elo weist Däitschland och Asyldemandeuren zeréck, et sief, se gehéieren zu vulnerabele Gruppen. Dat si Fraen, déi erwaarden, a Kanner.

Dee Kurs aus Berlin kënnt an der Grenzregioun net iwwerall gutt un

Schengen - wou viru 40 Joer d’Ofkommes fir oppe Grenzen an Europa ënnerschriwwe gouf, begéine sech op dësem Mëttwoch zwee Leidensgenossen- de Perler Buergermeeschter Ralph Uhlenbruch an de Schengener Gemengepapp Michel Gloden. Béide sinn d‘Grenzkontrollen en Dar am Aen.

Aus dem däitsche Perl géifen all Dag eng 2.000 Pendler iwwert d‘Grenz op Lëtzebuerg schaffe fueren - ma et wier net nëmmen de vun der Kontroll verursaachte Stau op der Autobunn, deen nervt. Méi schlëmm fënnt den CDU-Politiker, dass déi vu senger Partei aus Berlin ugewise Kontrollen den europäesche Geescht schiedege géing:“Es ist auch das Problem, dass man im Stau steht, aber ich denke, das ist etwas mit dem man klarkommen kann, aber es ist letztendlich das, was darüber hinaus geht. Damit stellt man das Symbol Schengen in Frage”.

Och de Schengener Buergermeeschter Michel Gloden ass net frou: "Ech sinn immens genervt, well et ass eppes, wat keen hei zu Schenge brauch an och net ausserhalb. Dat Ganzt huet wierklech e ganz negativen Impakt  op d’Stëmmung hei am  Dräilännereck, d’Leit ware bis elo ëmmer gewinnt (…) ouni Kontrollen ënnerwee ze sinn, an elo, sief et déi Kontrollen op der Autobunn oder elo neierdéngs hei zu Schengen op der Bréck, dat dréit dozou bäi, dass d’Leit wierklech ganz onzefridde sinn."

Nieft dem Kontrollpunkt zu Schengen gëtt et och eng fix Kontroll op der Tréierer Autobunn

Eng 579 Persounen huet d‘ Bundespolizei hei zanter Mëtt September 2024 u Lëtzebuerg zeréckgewisen, well se entweder kee Visum, keen Openthaltstitel oder eng Areesspär haten, woubäi dës Zuel nach liicht ännere kéint. Zanter dem 7. Mee och 4 afghanesch Asyldemandeuren. De Stefan Döhn, Spriecher vun der Bundespolizei Tréier erkläert, an all Fall géifen déi Lëtzebuerger Beamten informéiert, dass déi zeréckgewise Persoun un d‘ Grenz bruecht gëtt.
Wa kee vun der Lëtzebuerger Police d‘ Leit op der Bréck zu Waasserbëlleg an Empfang hëlt, ginn se zu Fouss zeréck op Lëtzebuerg geschéckt.

Lëtzebuerger Police hëlt zeréckgewise Persounen net an Empfang

Op Nofro erkläert d‘Lëtzebuerger Police, si géif keng Statistik iwwert déi zeréckgewise Persoune féieren, ma no de Reegele vun den Immigratiounsdirective vum Inneministère agéieren.

Déi zeréckgewise Leit géifen net vun de Beamten an Empfang geholl ginn. Si géife kontrolléieren, ob géint déi gemellte Persounen eppes virläit.  Nëmmen da géif déi Persoun vun der Police “am Kader vun der Kriminalitéitsbekämpfung” kontrolléiert.
 
Den Inneministère confirméiert dat. Et hätt en elo och eng E-Mail-Adress ageriicht, wou concernéiert Persoune sech melle kënnen: grenzkontrollen@gouvernement.lu

Lëtzebuerg: Däitschland verstéisst géint Europarecht

Lëtzebuerg hat an der Vergaangenheet d‘Kontrollen ewell kritiséiert. Mëtt Februar hat de Grand-Duché eng schrëftlech Reklamatioun bei der EU-Kommissioun deposéiert, well esou stationär Grenzkontrollen am Schengenraum net virgesi sinn. Fir de Lëtzebuerger Inneminister Gloden verstéisst Däitschland domat géint Europarecht.
 
Fir d’Awunner an der Grenzregioun bleiwen d’Kontrollen einstweilen eng Realitéit. De Schengener Buergermeeschter Michel Gloden erkläert am Interview, bis elo wier him nach näischt zoukomm iwwer ofgewise Leit, déi iwwert d’Bréck zeréck op Schenge kommen. Ma et wéilt een d’Situatioun am Aen behalen, a geschwënn zesumme mat den däitschen a franséische Buergermeeschteren aus der Grenzregioun kommunizéieren.

Fir si ass de Schengenaccord net dout.