D’Debatt ronderëm d’Pensiounsreform ass zanter Méint an der politescher Aktualitéit.

Laang war net gewosst, ob a wéi d’Pensioune reforméiert ginn, ma an der Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Luc Frieden awer éischt Pisten duerchblécke gelooss.

Ënnert anerem koum vum Premier d’Annonce, datt d’Cotisatiounsjoren fir d’Urecht op eng Pensioun ze hunn, iwwert eng Rei Joren all Joers stufeweis ëm 3 Méint solle verlängert ginn.

Genee Detailer heizou huet de Premier net erkläert an dofir bleift hei nach Spillraum fir Interpretatiounen, wéi de President vun der Chambre des Salariés, de Sylvain Hoffmann erkläert:

“Wéi ech dat elo verstanen hunn, geet dat an Zukunft dann net méi mat 40 Joer duer. Do kommen an engem Joer dann 3 Méint dobäi. 3 Méint méi, déi ee muss hunn, an dat Joer duerno nach eng Kéier 3 Méint an esou weider. Sou dass ee méi eng laang Cotisatiounszäit muss hunn, fir kënnen an déi Pension anticipée ze goen. Also anticipée, wat jo heescht virun 65 Joer, wat dee legale Pensiounsalter ass, wou jo net soll dru geréckelt ginn.”  

De Gros vun de Leit wäert méi laang musse schaffe goen. Allerdéngs sollen des Proposen net déi aktuell Pensionären oder déi, déi kuerz virun der Pensioun sinn, betreffen. Wou do genee d'Grenz wäert sinn, ass nach net kloer. Dëst bedeit awer, datt dës Propose warscheinlech déi méi jonk Generatioune wäerte betreffen. Dozou de Max Molitor vun de jonke Sozialisten:

“Fir eis ass dat ganz kloer eng riicht an d’Gesiicht. Ech mengen, et ass e bëssen dat, wat mer gefaart hunn, well déi Sätz, datt déi, déi elo an der Pensioun sinn oder déi kuerz virun der Pensioun stinn, dass deenen näischt geschitt, dat war bekannt. Déi Annonce, déi gëschter gemaach gouf, déi ass am Fong vu kenger Partei an deem do Sënn gefuerdert ginn, an elo ass dat d'Wonnerléisung fir alles.”  

De Premier huet awer och nach aner Mesuren annoncéiert. Riets war hei zum Beispill vun enger progressiver Pensioun, also enger Iwwergangsperiod an där ee manner schafft, a schonn een Deel vu senger Pensioun kritt. Awer och do feelen nach genee Detailer.

Och gouf ugekënnegt, datt duerch Konsumsteieren, wéi zum Beispill der CO2-Steier, zu de Recetten am Pensiounssystem kéint bäigedroe ginn. Dozou seet de Sylvain Hoffmann dat hei:

“Déi Recetten, déi do era komm sinn, solle geholl ginn, fir sozial dat ofzefiederen, notamment duerch ee Steierkredit. Elo ginn déi Suen einfach geholl, zum Deel, wéi et schéngt, da fir d'Pensiounen ze finanzéieren. Wat an deem Sënn eng Zweckentfriemung ass vun deene Mëttelen.”  

De Premier huet awer an deem Kontext och annoncéiert, datt Sozialmesurë solle bäibehalen an och cibléiert géint Altersaarmut sollen agesat ginn.

Interessant ass awer och, datt de Luc Frieden keng Cotisatiounshaussë bis elo proposéiert huet, obwuel sech eng Majoritéit vun de Leit an enger rezenter Ëmfro dofir ausgeschwat huet. Am Allgemenge kann ee soen, datt et schwiereg ass, déi annoncéiert Proposen ze analyséieren, dat well et einfach nach u villen Detailer feelt.

D’Sozialministesch Martine Deprez wäert am Summer déi genee Mesure presentéieren.