"Einfach - Séier - Erneierbar" ass Titel vu Mesurëpak
Um Donneschdeg kruten d'Deputéiert aus der Chamberkommissioun en Abléck an och wann de Mesurëpak allgemeng begréisst gëtt, goufen et nach Suggestiounen.
D'Leit misste sensibiliséiert a mat agebonne ginn, war ee vun de Faziter no der Kommissioun. Dem André Bauler vun der DP no wier ee wichtege Volet dee vum Prefinanzement, duerch deen ee méi Leit motivéiert, kritt eng Fotovoltaik Anlag ze installéieren. Wichteg wier trotzdeem bei all de Mesuren de Schutz vun eise Landschaften:
"Mir sollen natierlech weiderkommen am Beräich vun den erneierbaren Energien awer kucken, dass mer sensibel Landschaften dovunner aushuelen, well et eeben och wichteg ass, dass mer déi respektéieren."
Dem Sven Clement vun de Piraten huet et nach un Detailer gefeelt. D'Intentiounen wieren gutt:
"Ob dat elo ëmmer an der Gréngzon muss sinn, sou wéi d'Regierung dat elo schéngt ze maachen, oder ob mer net besser hätten, mir géifen am bebautene Raum dat verstäerkt vereinfachen, wat och mam Klima - an Naturschutz besser vereenbar wär. Dat schéngt keng Pist sinn, déi se zréckgehalen hunn an dat bedaueren ech."
D'Joëlle Welfring wollt wëssen. wéi et mat engem Inventaire steet Punkto versigelt Flächen, déi fir Fotovoltaik Panneaue kéinte genotzt ginn:
"Wou gëtt et nach Potenzial, zum Beispill op Parkingen, op deen ermëttelt gouf. An du krut ech gesot, e Schnëtt. Dat heescht, ech mengen, et schätzen, dass et och wichteg wär, dass een do kucke geet. Konsequent och déi Flächen och an Zukunft nach méi geziilt ze notzen. Ier mer elo wierklech nach méi an d'Gréngfläch ginn."
D'Deputéiert vun déi Gréng begréisst awer, datt d'Mesuren, déi zu Vereinfachunge solle féieren net just aus dem Ëmwelt-Beräich kommen, mee och zum Beispill aus der Gemenge-Reglementatioun oder dem Schutz vum Patrimoine. Dat géif weisen, datt et e breet ugeluechte Mesurëpak ass.