Bannent maximal 14 Méint sollen Experten an de Beräicher Cybersécherheet, Kënschtlech Intelligenz a Quantum-Computing ausgebilt ginn.

Zënter 2022 gëtt et den Digital Learning Hub um Belval. Eng Léierstruktur vum Educatiounsministère, déi sech un Erwuessener riicht. Pro Joer ginn hei honnerte vu Kuerzzäit-Formatiounen ugebueden, virop an de Beräicher Kënschtlech Intelligenz, Coding oder och nach Cybersécherheet. Méi wéi 10.000 Leit hu bis haut scho vun den ënnerschiddleche Formatiounsmodullen um Belval profitéiert.
 
Well am IT-Secteur mat am meeschten héichqualifizéiert Personal gesicht gëtt, an et am digitalen Zäitalter och wichteg fir d’Wirtschaft an fir d'Sécherheet vum Land ass, Experten an der Informatik ze hunn, ginn d’Ausbildungsoffere wieder ausgebaut.

No der Ouschtervakanz d’nächst Joer gëtt am Digital Learning Hub mat drä neien Akademien gestart. Hei solle bannent maximal 14 Méint Experten an de Beräicher Cybersécherheet, Kënschtlech Intelligenz a Quantum-Computing ausgebilt ginn. Den Dokter Serge Linckels vum Digital Learning hub erkläert:
 
"Déi 3 Akademië sinn do, well am Cybersecurity-Beräich ass einfach d’Demande immens grouss hei zu Lëtzebuerg fir Experten ze hunn, déi eng Resilienz opbaue fir eis Entreprisen. Déi kënne verstoen, wéi mer eis Infrastrukture musse schütze géint Cyberattacken. AI – Kënschtlech Intelligenz ass wierklech lo ee Beräich, wou Lëtzebuerg sech wëll hin investéieren a wou ganz vill Entreprisë scho mat kënschtlecher Intelligenz schaffen a wou ëmmer méi Experte gebraucht ginn. A Quantum ass wierklech d’Chance fir d’Land fir sech an ee Beräich eran z’entwéckelen, wou mer wierklech kënne weltwäit matschaffen."
 
Um Internetsite dlh.lu kann ee sech fir déi dräi nei Akademien aschreiwen. Do fënnt een dann och déi néideg Informatiounen iwwert de Präis, d’Dauer vun de jeeweilegen Ausbildungen, grad ewéi d’Konditioune fir ugeholl ze ginn.