Finanzminister Roth verséchert, datt keng Steiererhéijunge géinge kommen

Un deem Soziale wäert net gefummelt ginn, esou de Finanzminister Gilles Roth op d’Fro, wou d’Sue fir d’Erhéijung vun den Defenseausgabe sollen hierkommen.
Bis elo hätt ee sech drop gëeenegt, dass et aus dräi Beräicher sollt sinn. Et sinn net manner wéi 400 Millioune pro Joer méi wéi bis elo, déi Lëtzebuerg wëllt fir d’Defense bis Enn vum Joer ausginn. Dës Annonce hat de Premier en Dënschdeg a senger Ried zur Lag vun der Natioun gemaach.
780 Milliounen Euro, 1,3 Prozent vum nationalen Akommes, kuerz RNB, sollten 2025 an d’Defense fléissen. Elo soll Lëtzebuerg säin Zil vun 2 Prozent bis 2030 schonn dëst Joer erreechen. Heescht: 1,2 Milliarden Euro an d’Defense investéieren, rechent de Finanzminister Gilles Roth vir.
"Dat ass also e substantielle Montant. Zum Verglach: D’Upassung vu 4 Indextranchen an der Steiertabell dat war pro Joer 480 Milliounen. Dat heescht, mer leie bei deem Plus, dee mer elo mussen opbrénge par Rapport zu deem wat mer elo am Budget stoen hunn, ass dat schonn en zolitte Montant."
Et misst een awer déi international Solidaritéit spille loossen an als NATO-Member respektéieren, wat do zréckbehale gëtt. Och wa Lëtzebuerg gutt Staatsfinanzen hätt, kéint een de Montant vu 400 Milliounen net aus der Portokeess bezuelen.
Dëse soll aus dräi d'selwecht groussen Tranchë vu jee 133 Milliounen Euro kommen. Een Drëttel soll iwwer Scholde finanzéiert ginn, een Drëttel iwwer déi national Kredit- an Investitiounsgesellschaft, wou ee sech kéint d’Koppele vun engem Defense-Bond virstellen, an een Drëttel iwwer Reprioritiséierung vun Investissementer. De Gilles Roth:
"Dat heescht net, dass Investitiounsausgaben net gemaach ginn, oder zréckgestallt ginn. Mee dat heescht, dass déi Investitiounsausgabe mussen esou ageplangt ginn, dass se och an deem Joer, wou se ageplangt ginn, getätegt ginn. A mir wëllen dofir just déi Investitiounsprojete mat deenen néidege Suen an de Budget aschreiwen, déi se och dat Joer kënne verbrauchen."
Fir de Finanzminister steet och fest, vu wou d’Investissementer fir d’Defense net solle kommen:
"Ech well och ganz kloer soen. Et wäert net, Stand haut, zu Steiererhéijunge kommen, an et wäert och net zu engem Aschnëtt an d'Sozialausgabe kommen. Un deem Soziale wäert net gefummelt ginn."
Bei de Projeten, déi mat de Sue finanzéiert solle ginn, géing et sech dann net just ëm reng Militärausgaben handelen. Besonnesch och am Satellitteberäich, am Droneberäich an an der Cybersécherheet wëllt Lëtzebuerg sech staark maachen.
Dass antëscht awer schonn a verschiddene Kreesser dovunner rieds geet, dass d’Defenseausgabe sollen op 5 Prozent vum Bruttoinlandprodukt, respektiv fir Lëtzebuerg vum RNB, eropgeschrauft ginn, léisst de Finanzminister dann net kal. Fir Lëtzebuerg wieren dat nämlech 3 Milliarde pro Joer.
"Dat wier natierlech eng aner Zooss. Dat wier e Chiffer, wou och de Finanzminister eng Kéier schléckt, wann en deen héiert. Mer musse lo kucken, wat endgülteg hannen eraus kënnt."
Hie verweist drop, dass aner Finanzminister aus der Europäescher Unioun anescht wéi grad Lëtzebuerg op méi dréif Finanze kucken. Mee wann dëst géing Realitéit ginn, misst een d’Approche, vu wou d’Sue sollen hierkommen, nach eng Kéier iwwerdenken.
D’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes wäert e Freideg de Mëtteg op enger Pressekonferenz weider Erklärungen zu de Militärausgabe ginn.