Administrativen Opwand fir Installatioun vu privater Photovoltaikanlag geet erof
An mussen d'Leit an Zukunft keng Autorisatioun méi bei hirer Gemeng ufroen, wa si eng kleng Photovoltaik Anlag op hirem Dag wëllen installéieren.
D'Prozedure vereinfachen an digitaliséieren, finanziell Hëllefen, de Reseau stäerken, nei Surfacë mobiliséieren an d'Leit an d'Gemengen mat op de Wee huelen. Dat sinn déi grouss Ziler vum Mesurëpak "Einfach - séier - erneierbar", deen e Freideg de Mëtteg vum Energieminister Delles a vum Ëmweltminister Wilmes presentéiert goufen.






Fir kleng Fotovoltaik-Anlage muss een an Zukunft keng Autorisatioun méi bei der Gemeng ufroen, huet de Lex Delles erkläert. Bei protegéierte Gebaier bleiwe verschidde Krittären bestoen, wéini een eng Autorisatioun brauch a wéini net. Och a Koproprietéite si Panneaue méiglech, och wann net jiddereen d'accord ass:
"D'Koproprietéiten hunn nach ëmmer en enorme Potenzial. Mir mierken awer, dass ganz oft sech gestéiert gëtt, wann d'Diskussioune sinn, fir eng Photovoltaik opzeriichten op den Diech vun de Koproprietéiten. Mee wann dann awer keng Majoritéit fonnt gëtt, jo da gëtt et net gemaach. Dofir den Droit au Photovoltaik, e bëssen an der Iwwerleeung vum Droit à la borne, dass also d' Majoritéiten do anescht sinn, wann d'Leit soen, si wëllen net matmaachen, ma da musse se och net matmaachen als Gesamt-Koproprietéit, mee da kënnen awer déi Leit, déi wëllen eng maachen, da kënnen déi se och maachen."
An de Gréngzonen ass an Zukunft och keng Autorisatioun méi néideg. Nei ass dann och nach, datt laanscht d'Autobunnen an zum Beispill an Aktivitéitszonen Wandmillen kënne gestallt ginn:
"Dass mer do nach Produktioun direkt bei d'Consommatioun méi no beienee kréien, soudass mer do och da wëllen op neie Plazen d'Méiglechkeete ginn."
Um Geoportail kommen nei Informatiounen bäi. Den Energieminister:
"Zum Beispill déi Fro vun den Afluchschneisen, dass ee ganz kloer weess hei, do ass eng Afluchschneis, do kanns de et net maachen, mee niewendru kanns de et awer maachen. Et ass net einfach ganz konkreet."
D'Bierger solle sensibiliséiert an informéiert ginn, fir datt se wëssen, wat sou eng Anlag engem bréngt, wéi grouss se kann oder muss sinn an och iwwert wéi eng digital Plattform déi verschidden Offeren kënne verglach ginn. 11 vun den 51 Mesuren si schonn deelweis ëmgesat oder an der Prozedur a weider 26 solle bis de Summer an der Prozedur sinn.