E Samschdeg ass den nationalen Dag vun der Digitaler Inclusioun. E Freideg goufen an deem Kontext schonn eng Partie Projeten ausgezeechent.

Zanter 10.30 Auer e Samschdeg de Moien ass eng Zort Foire an der Luxexpo. Op sengem Salon weisen 30 Exposanten jidderengem, dee Loscht an Zäit huet, wéi eng digital Servicer si ubidden a wat et Neits an der digitaler Welt gëtt.

Salon vun der digitaler Inclusioun e Samschdeg an der Luxexpo / Dany Rasqué

De Ministère vun der Digitalisatioun hält drop, all Mënsch an deem Beräich mat virun ze huelen an de Gruef vun deenen, déi um leschte Stand sinn an deenen, déi nach Hëllef brauchen, sou kleng wéi méiglech ze halen.
Nei ass, datt den Dag vun der digitaler Inclusioun dëst Joer iwwer zwee Deeg geet. E Freideg war den Optakt an do goufen et Präisser fir Projeten, déi d'Zil hunn, déi digital Inclusioun ze fërderen.

Véier Projeten hu gewonnen a ginn am Ganze mat 250.000 Euro ënnerstëtzt. Een dovunner nennt sech "digital Doheem" an ass vu "Golden Me" an der Stëftung "Hëllef Doheem". D'Elisabeth Bourkel vun der Stëftung erkläert ëm wat et geet:

"De Projet geet dorëms, datt "Golden Me" Benevolle forméiert, déi digitale Support doheem ubidden, bei eise Clienten oder bei Familljemembere vun eise Clienten. D'Iddi ass, datt d'Leit Support doheem kréien, well mer vill Clienten hunn, wou et bestëmmte Barrière gëtt, wéi zum Beispill Mobilitéitsaschränkungen."

De Projet leeft elo am Summer un. Bis d'Leit doheem kënne gehollef kréien, dauert et awer bis de Mäerz dat anert Joer. Fir d'éischt musse Benevolle rekrutéiert a forméiert ginn. D'Anne Frausing vu "Golden Me" erkläert, wat een an deene Formatioune léiert:

"Wat sinn déi Haaptfroen déi d'Leit kënnen hunn? Wéi ginn ech mat enger eelerer Persoun ëm? Bëssen dee pedagogeschen Deel: wéi léieren d'Leit nach an deem Alter? Da ganz vill Emotiounen ze geréieren, well do kommen dacks Leit, déi vill Frust hunn, déi vill Angscht, déi heiansdo souguer bësse rose si mat der Technologie, well se net eens ginn."

Ma et sinn net just eeler Leit, déi Hëllef bei der digitaler Inclusioun brauchen, präziséiert d'Ministesch fir d'Digitalisatioun, d'Stéphanie Obertin. Vill um Handy ze sinn, géif net onbedéngt bedeiten, datt een déi néideg Kompetenzen am Beräich vun den neien Technologien hätt:

"Et geet vill méi wäit, wéi just um Handy eppes ze kucken. Et geet drëm, Bankdémarchen ze maachen, et geet drëm, iwwert de Guichet.lu Demarchen ze maachen, fir sech mam Staat auszetauschen. Et ginn eng ganz Rei Saachen, déi hautdesdaags digital ofgewéckelt ginn, an et geet drëm, Leit och mat op de Wee ze huelen, fir se ze schützen an opzeklären, déi ganz Problematik vu Fake News. D'Leit sollen e bësse sensibiliséiert ginn, well mir sinn iwwerzeegt, datt dat iwwert eng edukativ Form geet."

Wien also Loscht huet eppes bäizeléieren, deen ass an der Luxexpo op der richteger Plaz. De Salon geet bis e Samschdegowend 17 Auer.
 
All d'Projeten déi gewonnen hunn, dierft een och deemnächst online op zesummendigital.lu fannen.