An der Serie vu Communiquéen, an deene sech iwwert déi annoncéiert Mesuren a Punkto Pensiounsreform opgereegt gëtt, reie sech och Déi jonk Gréng an.

"Du wunns zu Lëtzebuerg a bass méi al wéi 50? Dann hues du den Herrgott mat der décker Zéif! Bass du awer méi jonk wéi 35? Da muss du kucken, dass du selwer Eens gëss.", heescht et um Ufank vum Schreiwes.

Allgemeng konnt een den Aussoe vum Premier am État de la nation jo enthuelen, dass jidder Jonke wuel 5 Joer méi laang muss schaffen goen, fir d’Urecht op eng voll Pensioun ze hunn.

Fir jonk Leit ouni Perspektiv op Verméigen an déi, déi sech gesondheetlech a kierperlech futti schaffen, wiere 5 Joer méi schrecklech, fannen déi jonk Gréng. Och wann de Luc Frieden dat anescht geséich, géifen déi Jonk ausgenotzt ginn, fir dass déi Al weiderhin op Pomp am Floribus kéinte liewen. Vu Gerechtegkeet wier do keng Spuer, heescht et am Communiqué.

Déi jonk Gréng hätte gär, dass d’Cotisatiounsjoren net gehuewe ginn, an dass d'Recetten aus der CO2-Steier, wéi virgesinn, fir de Klima- an Ëmweltschutz agesat ginn.