De Jonke Piraten no géif d'Hausse vun der Cotisatiounszäit dofir suergen, datt de Konflikt tëscht de Generatioune méi grouss gëtt.

No de Annoncen iwwer d'Pensioune vun der Regierung schreiwen déi Jonk Piraten an engem Communiqué, datt et fir si inacceptabel wier, datt déi jonk Leit elo déi Schied misste behiewen, déi duerch eng schlecht Planung an de leschte Joren entstane wieren.

Déi, déi Feeler gemaach hätten, géingen elo hir eegen Zukunft retten an déi aner kéinte kucken, datt se eens ginn, heescht et an engem Communiqué.

Datt d'Cotisatiounszäit elo verlängert gëtt, géing bewierken, datt de Konflikt tëschent de Generatioune méi grouss géing ginn, an datt déi Jonk nach méi d'Flemm mat der Politik kréichen.

Déi Jonk Pirate verlaangen ënner anerem méi Transparenz a Matbestëmmung, méi Flexibilitéit an e Referendum.