Wie sech e Mëttwoch déifgräifend Detailer zu den ugestriefte Pensiounsreforme vun der zoustänneger Ministesch erwaart huet, gouf enttäuscht.

Pensiounsreform / Reportage Pierre Jans

Nodeems d'Martine Deprez d'zoustänneg Chambersozialkommissioun de Mëttwoch de Moie gesinn hat, ass si virun d'Press getrueden.
 
Wärend den Explikatiounen, déi genee 20 Minutte gedauert hunn, konnt d'Ministesch keng weider Detailer nennen, vu wéini un d'Reform soll genee spillen. Viséiert wier kloer awer emol d'antizipéiert Altersrenten, also wann ee virum legalen Antrëttsalter vu 65 Joer an d'Pensioun geet.
 
Wichteg war et der Sozialministesch, fir direkt e puer Mol z'erklären, datt d'Regierung als e Ganzt voll a ganz hannert den Deklaratioune vum Premier Frieden am État de la Nation steet an datt och jiddwereen an der Regierung vun den Annoncen informéiert gewiescht wier.

RTL

© René Pfeiffer

Et steet ee weider hannert der Reform vun 2012, sou d'CSV-Ministesch, mee et dierft een och d'Aen net virun de Realitéiten zoumaachen, sech weider a "falschen" Komfortzone beweegen oder de Kapp an de Sand stiechen. D'ugestrieft Resultater vun der Reform vun 2012 wieren allemol net erreecht ginn.
 
An d'Realitéite gesinn esou aus, datt de reelle Pensiouns-Antrëttsalter nëmmen extrem lues eropgeet (an 12 Joer nëmmen ëm 7 Méint), mee parallel d'Liewenserwaardung bannent 12 Joer ëm 4 Joer eropgaangen ass. Näischt maachen, ass deemno keng Optioun fir d'Regierung.
 
Am Konkreten heescht dat, datt Leit, déi fréizäiteg wëllen an d'Pensioun goen, progressiv musse pro Joer 3 Méint méi laang schaffen a cotiséieren. De Stéchdatum fir dës Mesurë kéint 2030 sinn, vun deem un een da muss net méi 40, mee méi Jore schaffe goen.
 
D'Ministesch huet dann och en zousätzleche budgetären Effort annoncéiert, fir datt et net kuerzfristeg zu Cotisatiounshaussë kënnt.
 
De Mëttwoch den Owend ass iwwerdeem d'Martine Deprez d'Live-Invitée am RTL-Journal op der Tëlee.