Et gesäit méi wéi schlecht aus fir d’Wandmillen op der Areler Strooss nieft dem Chantier vum neien Centre Hospitalier.

Si hënnert, well d’Pläng vum CHL genee do, wou se steet, d’Entrée vun den Ambulanze virgesinn.

Déi aktuell Ministesch fir Gesondheet war 2022 nach net gewielt an huet den Dossier "Ausbau vum CHL" vum Paulette Lenert geierft. Un d’Martine Deprez an un de Kulturminister goung viru Kuerzem eng urgent Parlamentaresch Fro, gestallt vun der grénger Deputéierter Bernard. Theema: d'Schicksal vun der Stater Millen. Eng Zukunft, déi der Gesondheetsministesch no op dëser Plaz kaum envisagabel ass. D’Gebai uewen op der Kopp um Belair, e Stéck nom Stadion steet op der Grenz vun der Stad mat Stroossen ... an an de Féiss.

D’Ministesch fir Santé a Sécurité Sociale hat am Oktober zejoert eng Entrevue mam Kulturminister iwwer déi antik Wandmillen uewen op der Areler Strooss, beim CHL …do lafen d’Aarbechte fir den Ausbau vum Spidol op Héichtouren, an do hënnert elo déi Wandmillen aus dem 19. Joerhonnert. Aus der Äntwert op eng Question parlementaire liest een eraus, dass dat gewosst war oder hätt misse gewosst sinn! Thematiséiert gouf de Fall «Millen» no baussen hin iwwer Méint, bal Joren net an dat ass ëmsou méi penibel, well d’Gemaier national geschützt ass.

Op industrie.lu steet den Datum 1867, deemools hätt déi kleng, mee strategesch gutt placéiert Wandmille Geld abruecht – haut deet se eis es verléieren ... weisen d’Pläng vum Centre Hospitalier aus dësem Joerhonnert! Well genee do missten d’Ambulanzen an dat grousst neit Spidol erafueren ...

D’Martine Deprez kuckt als politesch Responsabel fir d’Santé natierlech fir unzefänken no den Intressie vun deem Secteur. Stéchwuert: «plan nombreuses victimes”. Si weist sech iwwerrascht, dass haut nach misst diskutéiert ginn, well d’Dokumenter, déi si virleien hätt, géinge festhalen: "Et gëtt no de Pläng gebaut ... soss misste mer d’Pläng ganz ëmännere goen." An dat géing den Ament net!

Et wieren zwou Variante gekuckt ginn

De Projet huet e Stéck méi Joren um Bockel wéi der Ministesch hir politesch Carrière laang ass …Hirem Wëssensstand no wiere Variante mat an ouni Mille gekuckt ginn an am Abrëll 2022 huet de Regierungsrot säin Accord zum Finanzement vum Ausbau vum CHL ginn. Op eng Mille wier an deem Conseil iwwerhaapt net opmierksam gemaach ginn, erënnert sech d’Sam Tanson, deemoleg Kulturministesch.

Den Text, deen een um Site vun der Chamber erëmfënnt, liest sech effektiv an déi eng an an déi aner Richtung: Eng Kéier geet riets vun der «intégration du moulin à ce stade protégé», mee da steet do: «dont l’espace est prévu pour l’implémentation du futur hall d’ambulances» ...

Interpretatioun vun der Gesondheetsministesch: Et wier ee bei der Variant ouni Millen

Duerch d’Piècen, déi hir virléichen, schéngt et dem Martine Deprez kloer, dass d’Millen net ka stoe bleiwen. Et wiere vun Ufank un zwou Variante gekuckt ginn – eng mat, an eng ouni Millen. Hält een déi, kéimen amplaz 5 just 3 Ambulanze parallel an d’Spidol eran. Noutfallpläng am Fall vun enger Pandemie spillen hei mat: Mat der Mille géif en Drëttel vun der Plaz feelen, iwwer déi ee Leit kann an d’Urgence eranhuelen.

Al Steng géint eis Gesondheet – wien deen Duell wënnt, schéngt a priori kloer. Mee am Dossier ginn et Lacunnen, op déi mir Mëtt nächster Woch zréckkommen. Dann ass nämlech am Kulturministère eng Krisesëtzung. An da schwätzt och dee Minister, den Eric Thill, dee responsabel ass fir d’Erhale vun eisem Patrimoine.